Staatsrot Agny Durdu: Diskretioun als Garant fir Effikassitéit

De leschte Freideg hat de Staatsrot op eng Neijoerschreceptioun invitéiert. Dat wier u sech keng weider Notiz wäert, wann et net fir d'éischt an där méi wéi 163 Joer laanger Geschicht gewiescht wier, datt de Staatsrot esou eng Receptioun organiséiert hätt. Hir Institutioun hätt sech wëllen no bausse weisen, sou d'Presidentin Agny Durdu. Dat géif awer net heeschen, datt de Staatsrot wëlles hätt seng diskret Aart a Weis ze schaffen opzeginn.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Agny Durdu

Wann ee gär weider en effikasse Staatsrot hätt, da wier et, an hiren Aen, wichteg, datt d'Institutioun weider esou schafft, wéi se dat an der Vergaangenheet gemaach huet.

De Staatsrot wier ebe kee Parlament an et wier och net seng Missioun, fir sech selwer "grouss en valeur" ze setzen.

"Mir bréngen am Fong e bëssen Distanz, e bësse Coolness par Rapport zu de Sujete mat eran. An ech mengen, dat ass d'Roll, déi mir als Staatsrot hunn, an ech wéilt awer och do net drop verzichten."

Den Alex Bodry wier eng sënnvoll Verstäerkung fir de Staatsrot

Haut de Mëtteg (Dënschdeg) gëtt den Alex Bodry als neie Member vum Staatsrot vereedegt. Si hätt net onbedéngt mam Interessi vum laangjäregen LSAP-Deputéierte fir dee Poste gerechent, seet d'Presidentin vum Staatsrot Agny Durdu. Si géif awer hoffen, datt den Alex Bodry an där neier Roll, am Hannergrond, glécklech gëtt.

Aus de Berodungen iwwer d'Verfassungs-Ännerungen, déi hien an der Chamber mat geschriwwen huet, misst hie sech (den deontologesche Reegele vum Staatsrot no) awer eraushalen. De Staatsrot géif d'Kéier, déi d'Parlament an der Constitutiouns-Diskussioun geholl huet, zur Kenntnis huelen, seet d'Agny Durdu.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Paul-Henri Meyers
Verfassungsreform

De Paul-Henri Meyers schléisst net aus, datt de Staatsrot erëm kéint verlaangen, datt et e komplett neien Text fir d'Verfassung gëtt. D'Verfassung soll schrëttweis moderniséiert ginn, hat den Alex Bodry annoncéiert.

Staatsrot Exklusiv
Rettungsdéngschter

Am Staatsrot ginn et méi Sourcen no Meenungsverschiddenheeten iwwert den Avis zur Reform vun de Rettungsdéngschter. De kriteschen Avis ass net eestëmmeg ugeholl ginn, wat seele virkënnt.

Erna Hennicot-Schoepges
Politesch Aktualitéit

D'Politiker doen am Staatsrot hir parteipolitesch Kap aus, seet d'Erna Hennicot-Schoepges. Déi fréier CSV-Kulturministerin ass géint méi Transparenz – de Staatsrot misst a Rou kënne schaffen.

Jean-Claude Franck Kommentar
Interessekonflikt vum Alain Kinsch

Wann de Staatsrot sech eescht hëlt, limitéiert e sech just nach op d'Korrektur vu schlecht redigéierte Gesetzestexter oder en hält op, sech virun der Ëffentlechkeet ze verstoppen, mengt de Jean-Claude Franck.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen