Justiz Affär Bommeleeër: néng Inculpatiounen
Neien Ament an der Bommeleeëraffär. Wéi de Parquet matdeelt, ginn et néng nei Inculpatiounen. Zéng Verdächteger waren tëschent Mee a Juli verhéiert ginn, ee vun deene Verdächtegen, de Ben Geiben, gouf awer net inculpéiert.
- Néng fréier Offizéier goufen am Bommeleeërprozess inculpéiert.
- D'Instructioun geet awer nach virun, eréischt duerno gëtt decidéiert, ob et zu engem weidere Prozess kënnt.
- Wéini déi Instructioun ofgeschloss wäert sinn, ass net gewosst.
Inculpéiert goufen déi fréier héich Offizéier Aloyse Harpes, Charel Bourg, Guy Stebens, Armand Schockweiler a Pierre Reuland. Si kréien ënner anerem d'Infraktioune vun Tentative d'homicide a Falschausso virgehäit.
Hinne gëtt och virgeworf Co-Auteur oder Kompliz vun de sechs Attentater ze sinn, zu deenen et nom Attentat vun Oktober 1985 op de Justizpalais an der Stad koum. D'Attentater wieren nëmmen duerch hir Protectioun, hire Rot an hir Leedung méiglech gewiescht, sou de Parquet a sengem Communiqué.
Déi fréier Enquêteure Paul Haan, Lucien Linden a Guillaume Büchler gi wéinst Falschausso am Zesummenhang mat der Observatioun vum Ben Geiben zu Bréissel beschëllegt. De Marcel Weydert, Ex Member vun der Brigade mobile, gouf och wéinst Falschausso inculpéiert.
D'Instructioun geet virun. Wann déi ofgeschloss ass, decidéiert d'Chambre de Conseil vum Bezierksgeriicht, ob et zu engem weidere Prozess oder zu engem Non lieu kënnt.
Wéini d'Instructioun wäert ofgeschloss sinn, ass de Moment net kloer.
Den eigentleche Bommeleeër-Prozess géint de Marc Scheer an de Jos Wilmes - zwee Ex-Membere vun der Brigade Mobile - hat am Februar 2013 ugefaangen. De Juli 2014 gouf de Prozess fir weider Ermëttlungen ënnerbrach.
Detailer vum Chris Zeien: