Radiostandard Aféierung vun DAB+ zu Lëtzebuerg virun Enn 2021 geplangt
Nach dëst Joer soll den neie Radiosstandard DAB+ och hei am Land lancéiert ginn, mat engem Retard op aner europäesch Länner. DAB steet fir Digital Audio Broadcasting a gëllt als Nofollger vum analogen UKW. Anescht wéi zum Beispill an der Schwäiz sollen no der Aféierung vun DAB+, d'UKW-Senderen hei am Land net kuerzfristeg ofgeschalt ginn. Wou sinn d'Virbereedunge fir DAB+ drun? Wéi eng Virdeeler duerch den neie Standard ginn et? A wéi eng méiglech Problemer?
Grondsätzlech ass et méiglech, datt DAB+ kann agefouert ginn, seet de Jacques Thill. Dat hätt ee beim Testbetrib Enn vum leschte Joers eraus fonnt, esou de Responsabele beim Service des Médias et des Communications vum Staatsministère. D'Couverture an d'Qualitéit vum Reseau géif allerdéngs zu engem ganz groussen Deel dovunner ofhänken, wéi vill an den DAB+ investéiert gëtt.
Vu staatlecher Säit ass fir dëst Joer fir den DAB+ e Budget vun 100.000 Euro virgesinn. De Rescht vun de Käschte soll - dem Jacques Thill no - vun de Radiostatioune selwer gedroe ginn.
Nach eng Rei Schwieregkeeten
Beim Test vum Radiosstandard DAB+ hätt een eng Rei technesch Schwieregkeete festgestallt. Un dëse Probleemer misst nach geschafft ginn. De Jacques Thill nennt als Beispiller d'Receptioun an de Gebaier oder och an Tunnellen op den Autobunnen, wou een e schlechten Ëmfang hätt.
D'Testphas vum DAB+ wier e wichtegen Deel vun der Virbereedung gewiescht, esou den Dave Gloesener, zoustänneg fir d'Radiosprogrammer bei RTL Lëtzebuerg. Elo géif ee virun doru schaffe fir prett ze sinn, wann den DAB+ op Lëtzebuerg kënnt. Wéi vill Sendere vum Grupp iwwer dësen neie Wee wäerten diffuséiert ginn, wier awer nach onkloer.
Waarden op de Reglement grand-ducal
Den Dave Gloesener mengt et wier nach net gewosst wat d'Konditioune si fir op den DAB+ Mutiplex ze kommen, d'Regierung wier momentan am gaangen dat ze definéieren. Et wier och nach net kloer wat d'Käschte vun DAB+ sinn.
Bei RTL hofft een, datt den DAB+ spéitstens bis d'Enn vum Joer prett ass. De staatleche Services des Médias et des Communications hat gehofft, DAB+ nach fir d'Rentrée dëst Joer lancéiert ze kréien, mee dat wier e ganz ambitiéisten Zäitplang gewiescht. Et géif een hoffen, DAB+ dëst Joer nach ze lancéieren. "Mir mussen nach e Reglement grand-ducal finaliséieren, dee soll d'Prozedur wéi d'Permissioune fir déi interesséiert Radiosprogrammer vergi ginn méi am Detail festhalen", sou de Jacques Thill.
Nach keng Léisung fir d'Lokalradioen a Siicht
Nach stéing net fest, wéi vill Programmer alles an allem iwwer DAB+ diffuséiert ginn. An enger éischter Phas dierft et net méiglech sinn, de Lokalradioen dat ze erlaben, esou de Jacques Thill. Dat géif hien net iwwerraschen, seet dozou de Serge Simon vum Lokalradio R.O.M. zu Miedernach.
"Ob eng Léisung säitens dem SMC zu engem spéideren Zäitpunkt wäert komme bezweifele mir. Dofir misst den SMC eigentlech mol Kontakt zu den Acteuren huele fir ze kucke wat d'Besoine sinn."
D'Lokalradioen hätten den Androck, datt net no enger Léisung fir si gesicht géif ginn. "Sollt UKW bis 2030 ofgeschalt ginn, da sti si virum näischt", seet de Serge Simon.
RTL wëllt nach opmannst zéng Joer iwwer UKW ausstralen
Bei der geplangter Aféierung vun DAB+ ass also eng Fro déi, fir wéi laang den aktuellen analogen UKW nach bestoe bleift. Dës Fro, déi vum Succès vum DAB géif ofhänken, misst nach mat de Senderen diskutéiert ginn, esou de Jacques Thill.
"Mir wäerten nach eng Zäitchen iwwer UKW ausstralen", seet den Dave Gloesener vun RTL viraus, op mannst awer nach zéng Joer. Et géif awer och dovun ofhänken, wéi séier d'Leit bereet wieren hir Apparater auszewiessele fir DAB+ kënnen ze ëmfänken.
"Do brauch e jo e speziellen Apparat. Am Auto ass dat jo zënter dem Ufank vum Joer virgeschriwwen, do muss dee jo dra sinn bei all neiem Auto. Mee doheem (...) dat brauch eng Zäit bis d'Leit déi Apparater an hir Wunneng stelle wa se et dann iwwerhaapt maachen."
Wéi eng Auswierkungen op de Mediëpluralismus?
Duerch den neie Standard DAB+ soll e bessere Radios-Ëmfank méiglech ginn, an enger besserer Toun-Qualitéit, heescht et. Méiglech wieren och méi verschidde Programmer.
Dem Jacques Thill no, wieren d'Stäerke vum Medie-Pluralismus an nei Entwécklungsméiglechkeete fir Radiosprogrammer Haaptzil vun der geplangter Aféierung vun DAB+ hei am Land.