Zäithisoriker D'Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich

D'Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich a seng sozialpolitesch Bedeitung: den Zäithistoriker Jacques Maas mat engem Réckbléck.

Jacques Maas / cz

Auer Bigstock

D'Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich a seng sozialpolitesch Bedeitung an enger Zäit, an där eng Rei rietsgeriichte Regierungen an Europa, virop déi éisträichesch an déi ungaresch, beschloss hunn, déi gesetzlech fixéiert Aarbechtszäit nom Prinzip vun der Flexibiliséierung nei auszeriichten; an enger Zäit, an där verschiddentlech Patronatsvertrieder mat der Iddi kommen, déi legal Aarbechtszäit nees ze erhéije fir d'Kompetitivitéit vun der europäescher Ekonomie op den internationale Mäert ze boosten; an enger Zäit, an där d'Numeriséierung an d'Robotiséierung riskéieren zu massivem Aarbechtsplazofbau ze féieren, wann net d'Aarbechtszäit op kollektivem Plang reduzéiert gëtt, ass et net oninteressant e Bléck op d'progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze riichten, an - an deem Kontext - virop op d'Bedeitung vun der Aféierung vum Aachtstonnendag, de 14. Dezember 1918, deemno virun honnert Joer, anzegoen.

Um Enn vum Éischte Weltkrich, deen esou vill Leed, Entbierungen an och Hongersnout fir d'breet Volleksmasse bruecht hat, nom Armistice vum 11. November 1918, hate virun allem d'lounofhängeg Aarbechter a Beamte grouss Erwaardungen un déi nei Friddenszäit. Während dem Krich hate sech déi allgemeng Liewens- an Aarbechtsbedingunge staark verschlechtert, op sozialpoliteschem Plang war et zum totale Stëllstand komm. Deemno ass et net verwonnerlech, datt déi sozial Kris direkt no Krichsenn oppen ausgebrach ass.

Déi stäerkst Gewerkschaft fuerdert den Aachtstonnendag an d'Unerkennung vun Aarbechterdelegatiounen

Schonn zanter dem Fréijoer 1918 haten d'Gewerkschafte groussen Zoulaf, an déi gewerkschaftlech Stäerkung huet d'Gewerkschaftsleaderen och dozou motivéiert, elo d'Aarbechter ze mobiliséieren, fir endlech eng Rei grondsätzlech Fuerderunge vun der Aarbechterbeweegung duerchzesetzen. Dobäi gouf am Virfeld och mol verschiddentlech mat Generalstreik gedreet.

An der Suite vun deene revolutionären Deeg vum 10.-12. November 1918, huet déi deemools stäerkst Lëtzebuerger Gewerkschaft, de Biergaarbechter- a Schmelzaarbechter-Verband (BHAV) aus dem Minett, den 18. November 1918 der Regierung ënner dem Virsëtz vum Staatsminister Emile Reuter hire Fuerderungskatalog iwwerreecht. An an deem Fuerderungskatalog stounge virop d'gesetzlech Unerkennung vu fräigewielten Aarbechterdelegatiounen an de Betriber - duerch Regierung a Patronat, an d'Aféierung vum Aachtstonnendag.

D'Reduzéierung vun der Aarbechtszäit, a virun allem d'gesetzlech Aféierung vum Aachststonnendag ware Fuerderungen, déi déi international Aarbechterbeweegung zanter dem 19. Joerhonnert ëmmer erëm virbruecht huet. Dat war och zu Lëtzebuerg de Fall, virop op den 1. Mee-Feieren, wou Gewerkschaftler a sozialistesch Politiker ëmmer erëm dës Fuerderung an de Mëttelpunkt gesat hunn. Bis 1919 bestoung nämlech an der Lëtzebuerger Schwéierindustrie d'Aarbechtszäitreegelung vun der 12-Stonneschicht: an der Reegel huet en Aarbechter déi eng Woch d'Dagesschicht vu moies sechs Auer bis owes sechs, an déi Woch drop d'Nuetsschicht vun owes sechs bis moies sechs geleescht, mat der zousätzlecher Verflichtung all zweete Sonndeg eng duebel Schicht vun duerchlafend 24 Stonnen, de sougenannte "laangen Tour" ze drummen. Fir Fräizäit blouf bei där Aarbechtszäitreegelung näischt iwwreg.

Ufangs 1918 hat de sozialisteschen Deputéierte Jos Thorn e Gesetzesvirschlag fir d'Aféierung vum Aachstonnendag an der Chamber deposéiert, mee déi Proposition de loi gouf um Instanzewee blockéiert, well de Staatsrot deen duerch d'Verfassung virgeschriwwenen Avis net geliwwert huet. Zéng Méint méi spéit hate sech déi sozialpolitesch Kräfteverhältnesser staark verännert.

D'Lëtzebuerger Regierung féiert den Aachtstonnendag an

Ënner dem sozialen Drock vun de Gewerkschaften, den Aarbechter-Réit a Betribsdelegatiounen huet d'Koalitiounsregierung Reuter, an där Vertrauensleit vun deene véier am Parlament vertruedene Parteie souzen, sech Mëtt November dozou bereet erkläert, den Aachtstonnendag kuerzfristeg anzeféieren. Déi Fuerderung war kuerz virdrun, an engem Ofkommes tëscht der däitscher Gewerkschaftsbeweegung an dem Patronat vum 15. November 1918 ëmgesat ginn, an och dat dierft de Beschloss vun der Lëtzebuerger Regierung beaflosst hunn.

D'Regierung Reuter huet doropshin de 25. an 29. November Verhandlunge mat Gewerkschafts- a Patronatsvertrieder opgeholl - souzesoen eng éischt Tripartite an der Lëtzebuerger Sozialgeschicht - fir déi respektiv Standpunkte méi no beienaner ze kréien.

D'Quellelag aus där Zäit erlaabt et den Historiker net, fir mat der noutwendeger Präzisioun festzestellen, wéi déi Verhandlungen deemools verlaf sinn. Mee aus de spéidere Reaktiounen op déi Verhandlungen ergëtt sech, datt d'Patronatsvertrieder mat dem Réck zur Mauer stoungen an de Beschloss vun der Regierung fir net opportun gehalen hunn.

Fir d'Patronat - um Verhandlungsdësch ware Vertrieder vun der Groussindustrie a vun den Eisebunnsgesellschaften - war d'Aféierung vum Aachststonnendag wirtschaftlech onsënneg, well d'Kompetitivitéit vun de Lëtzebuerger Entreprisen an hiren Handelsbezéiunge mat den zukünftegen Handelspartner, der Belsch a Frankräich, wou de gesetzlechen Aachtstonnendag net ageféiert war, staark belaascht gi wär - sou d'Argument vun der Patronatssäit.

Parallel zu de Verhandlungen an de Betriber, hunn d'Aarbechterdelegatioune weider Drock gemaach a verschiddentlech och de Streik scho virbereet, am Fall wou dat Ganzt géif schleefe gelooss ginn oder d'Regierung hire Beschloss awer net géif ëmsetzen. Virop war dat de Fall op der Belvaler Schmelz, wou d'Aarbechterdelegatioun den Direkter Fritz Fischer Enn November dozou bruecht huet den Aachstonnendag fir den 1. Dezember anzeféieren.

D'Reegelung gëllt net fir d'Eisebunner

Och an den Ateliers vu Paul Wurth zu Hollerech koum et vum 12. Dezember un zum Konflikt, wéi d'Aarbechter vu Paul Wurth eng Delegatioun gewielt hunn, fir hirem Patron e Fuerderungskatalog mat der Aféierung vum Aachstonnendag ze iwwerreechen. De Paul Wurth wollt d'Wahl vun der Delegatioun net unerkennen an huet kuerzer Hand den neigewielte President vun der Aarbechterdelegatioun, den Auguste Becker, fristlos entlooss. Doropshin huet d'Belegschaft sech mat hirem President solidaresch erkläert an d'Aarbecht direkt de 14. Dezember niddergeluecht. Op Vermëttlung vum Aarbechtsinspekter Charles Eydt a vum Sekretär vun der Gewerkschaftskommissioun Pierre Krier, huet de Paul Wurth schliisslech zwee Deeg méi spéit agelenkt, den Auguste Becker erëm agestallt an d'Aféierung vum Aachtstonnendag a sengem Betrib akzeptéiert.

Opgrond vun engem Gesetz vum 15. Mäerz 1915, dat der Regierung diktatoresch Vollmuecht ginn huet fir déi wirtschaftlech Interesse vum Land während dem Krich ze verteidegen, huet d'Regierung Reuter de 14. Dezember 1918 en Arrêté grand-ducal geholl, fir den Aachtstonnendag, ouni Loun-Erofsetzung, vum folgenden Dag, 15. Dezember un, provisoresch anzeféieren. Déi Moossnam huet sech allerdéngs ausdrécklech net op d'Personal vun den Eisebunnsgesellschaften applizéiert, wat zu grousser Onzefriddenheet a Roserei bei de Bunnerte geféiert huet, an op Betriber mat manner wéi 20 Aarbechter.

Bemierkenswäert ass de provisoresche Charakter vun der Moossnam, deen zum Verdross vun de Gewerkschaften nach laang sollt Bestand hunn, an d'Tatsaach datt d'Regierung op eng diktatoresch Vollmuecht zeréckgegraff huet, éischter wéi de Beschloss op de gesetzlechen Instanzewee ze bréngen. Hei dierften den Zäitdrock an de Widderstand vu Membere vum Staatsrot, déi dem Patronat no stoungen, eng wesentlech Roll gespillt hunn. Fir d'Patronat huet d'Aféierung vum Aachtstonnendag - ouni Lounkierzung - eng ganz bedeitend Méi-Ausgab an der Produktioun mat sech bruecht, déi sech selbstverständlech op de Prix de revient vun de Wueren niddergeschloen huet.

Hefteg Kritik vum Paul Wurth

Vill Patronen dierften der Usiicht gewiescht sinn, vun der Regierung virun de Fait accompli gestalt ginn ze sinn. D'Reaktioune waren deels ganz hefteg, wéi zum Beispill déi vum Industrielle Paul Wurth, deen de 15. Dezember 1918 an engem oppene Bréif an der liberaler Luxemburger Zeitung den zoustännege Minister fir Handel an Industrie, Auguste Collart, ganz haart ugaangen ass, andeems hien him virgeworf huet, d'Lëtzebuerger Industrie schwéier geschiedegt ze hunn an d'Aféierung vum Achtstonnendag den Deputéierte vun der Vollekspartei, déi der Aarbechtergewerkschaft BHAV nostoungen, versprach gehat ze hunn, wann déi den 13. November 1918 géint d'Ofsetzung vun der Dynastie Nassau-Braganza géife stëmmen.

De Vott an der Chamber war bekanntlech ganz knapp mat 21 Stëmme fir d'Dynastie, géint 19 Stëmme fir d'Ofsetzung, bei dräi Enthalungen ausgaangen. Mam Zil sech an Zukunft besser Gehéier ze verschafen an hir Interesse kollektiv ze verdeedegen, hunn eng gréisser Zuel Patronen, virun allem aus Kleng- a Mëttelindustrie, sech den 19. Dezember an der Stad, op Initiativ vun deem schonns ernimmte Paul Wurth, versammelt fir eng Patronatsorganisatioun ze grënnen, den Ursprong vun der Industrielle Federatioun, der FEDIL.

Sozialisten denoncéieren d'Passivitéit vun der Regierung

De Widderstand vum Patronat géint d'Aféierung vum Aachtstonnendag blouf awer och weiderhi grouss. An enger parlamentarescher Interpellatioun vum 7. Mäerz 1919 huet de sozialisteschen Deputéierte Pierre Krier dorops higewisen, datt vill Betriber den Aachtstonnendag guer net géife respektéieren, respektiv iwwerhaapt net ageféiert hätten, besonnesch a Betriber, an deenen d'gewerkschaftlech Organisatioun schwaach wier, an hien huet d'Passivitéit vun der Regierung denoncéiert, déi näischt géif ënnerhuele fir fir d'Uwende vum Arrêté vum 14. Dezember 1918 ze suergen.

Frankräich huet den Achtstonnendag den 23. Abrëll 1919 an d'Belsch am Juni 1921 ageféiert. Op internationalem Plang gëllt et ervirzehiewen, datt an der Suite vun der Paräisser Friddenskonferenz vun 1919 d'Organisation internationale du travail (OIT) gegrënnt gouf. Déi huet op hirer éischter Konferenz zu Washington, den 22. November 1919, eng Konventioun ugeholl, an där den Aachtstonnendag an 48-Stonnen-Woch - also och d'Limitatioun vun der Wochen-Aarbechtszäit, international festgeluecht gouf.

Lëtzebuerg huet bis 1928 gebraucht fir der Washingtoner Konventioun vun 1919 bäizetrieden. An och dono ass Lëtzebuerg ëmmer nees opgefall, well et besonnesch heefeg vun den Ausnamereegelunge vun der Konventioun profitéiert huet, fir den Aachtstonnendag net allgemeng gülteg a wierksam ze respektéieren.

D'Reduzéierung vun der Aarbechtszäit kéint nees a Gefor geroden

D'Lëtzebuerger Gewerkschaften hu laang misse kämpfen, bis den Aachtstonnendag an d'48-Stonnewoch schliisslech vun 1955 u konnten duerchgesat ginn. D'Erofsetze vun der legaler Wochen-Aarbechtszäit op 40 Stonne gouf duerch d'Gesetz vum 9. Dezember 1970 progressiv ageféiert op de Stéchdatum vum 1. Januar 1975.

D'Geschicht vun der Reduzéierung vun der legaler Aarbechtszäit zu Lëtzebuerg zitt sech deemno iwwer dat ganzt lescht Joerhonnert. An deem Sënn stoung d'Aféierung vum Aachtstonnendag virun honnert Joer net um Enn, mee éischter um Ufank vun enger laangwiereger Entwécklung. Déi aktuell Diskussiounen ëm d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit weisen, datt d'Reduzéierung vun der Aarbechtszäit duerchaus nees a Gefor geréit, wann d'Salariat sech net déi néideg Garantië séchere kann.

An der Mediathéik:

Zäithistoriker / / Jacques Maas
Lauschteren

Méi zum Thema

Vincent Artuso
Zäithistoriker

Den Honger, dee während dem Éischte Weltkrich d'Gesellschaft gepéngegt huet, war d'Hiewan vun der Lëtzebuerger Natioun. Si huet d'Leit obsedéiert an d'Gesellschaft déif gespléckt.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen