Hie wier frou, datt béid Säite nees matenaner géife schwätzen "an net iwwer Geriichter [hir] Problemer [géife] léisen", seet de Premier a Kultusminister Xavier Bettel. Hien hätt sengersäits een Engagement geholl a géif dat och respektéieren. "Mee dofir muss ech och Partner hunn, déi hiren Deel respektéieren", esou de Xavier Bettel.
De Premier géif den Ament op d'Dokument vun der Konventioun waarden, "fir och nach meng Ënnerschrëft kënnen drënner ze maachen."
Wéi koum den Accord zustanen?
D'Iechternacher Kierchefabrick hätt dem Bëschof eng Entschëllegung geschéckt, sou de Patrick Ries, Member vun der Kierchefabrick. Am Dezember d'lescht Joer war et jo zum Eclat am Dossier ronderëm d'Konventioun em d'Basilika komm. Kuerz virum Rendez-vous am Staatsministère hat de Syfel, den Daachverband vun de Kierchefabricken, géint de Minister Dan Kersch an och de Bistum eng Assignatioun agereecht. Dës Plainte gouf vu ronn 100 Kierchefabricke gedroen, dorënner déi Iechternacher. Hannergrond war d'Onzefriddenheet iwwer d'Konventioun iwwert d'Trennung vu Kierch a Staat, déi de Bistum mat der Regierung ausgehandelt hat.
An der schrëftlecher Entschëllegung hätt een ënnerstrach, datt d'Plainte keng Oppositioun géint de Bëschof perséinlech war, esou de Patrick Ries. "Mir hunn elo an de leschte fënnef Méint probéiert iwwer verschidde Kanäl dofir ze suergen, datt ee sech eens gëtt." Eng Eenegung, bei där béid Säiten "hiert Gesiicht behale kënnen", seet de Member vun der Iechternacher Kierchefabrick.
Dem Patrick Ries no hätt de Bistum seng Ënnerschrëft net méi, wéi Uganks geplangt, vum Réckzuch vun der Plainte ofhängeg gemaach. Trotz allem hätt d'Kierchefabrick hir Plainte géint de Bistum net zréckgezunn.
Keen offiziellen Akt
Den Iechternacher Schäffe Ben Scheuer (LSAP) seet, d'Zil vun der Konventioun wier et, "de Patrimoine zu Iechternach ze schützen. (...) Déi Konventioun ass och am Gemengerot gestëmmt ginn. Se ass och vun alle Parteien, och vun der Oppositioun, gedroe ginn." De Ben Scheuer seet sech zefridden, datt d'Konventioun elo ënnerschriwwe ginn ass. Hie bedauert awer, datt et net zu enger méi offizieller a festlecher Signature konnt kommen. Dat hätt d’Basilika - a sengen Aen - verdéngt.