Staatsfinanzen a Klimaschutz Accisen um Sprit kéinten ëm 1-2 Cent klammen

Mam Budgetsgesetz 2019 wäert en éischte Schrëtt aus dem Tanktourismus eraus gemaach ginn, huet de Finanzminister Pierre Gramegna confirméiert. De Pierre Gramegna huet ugedeit, datt d'Accisen um Sprit ëm ee bis zwee Cent de Liter kéinten eropgesat ginn.

Maurice Molitor / cbi

Pierre Gramegna
De Pierre Gramegna ass 2018 fir d'éischte Kéier mat an d'Wahle gaang.

Dem Pierre Gramegna no wier et noutwendeg, datt manner hei getankt gëtt, fir datt Lëtzebuerg seng Klimaziler erreecht. "Wa mir dat net hikréien, musse mir Emissioune kafe goen", sou de Pierre Gramegna. Et wier wéineg sënnvoll, Suen, déi ee mam Bensin verdéngt, nees auszeginn, well ee wéinst deem Bensinsverkaf seng Klimaziler net erreecht.

Et wier méi intelligent an et géif ee méi fir d'Klima maachen, wann een d'Accisen erop géif setzen, "Mir sinn eis do eens, datt dat eng kohärent Politik ass." Déi Sue sollen an ee Spezialfong fléissen, dee klimafrëndlech Projete soll finanzéieren.

De Budget beim Zentralstaat fir 2018 ass am Equiliber, confirméiert de Pierre Gramegna. Weider huet hie präziséiert, datt de Fonds souverain, den Zukunftsfong mëttlerweil mat enger Véierels Milliard Euro gespeist gouf.

Wéi gëtt d'Individualbesteierung finanzéiert?

De Finanzminister huet och Explikatioune ginn iwwer déi "déifgräifend" Reform vum Lëtzebuerger Steiersystem, déi am Koalitiounsaccord virgesinn ass, fir déi een awer e bëssen Zäit bräicht. D'Regierung wëllt d'Steierklasse jo ofschafen an d'Leit individuell besteieren. De Pierre Gramegna preziséiert, datt d'Steiersituatioun vun de Leit net méi dovunner géif ofhänken, ob se gescheet, bestuet, gepacst, celibataire sinn, oder ob de Partner gestuerwen ass.

Bei der Virstellung vum Koalitiounsaccord gouf ënnerstrach, datt duerch dës Steierreform keen eppes verléiere soll. De fréieren Direkter vun der Steierverwaltung Guy Heintz huet sech d'Fro gestallt, wéi dat finanziell kéint gestäipt ginn. De Pierre Gramegna ass am gaangen, "dat alles ze kucken":

"An et muss een Transitiounsperiode virgesinn. Et muss een och Rechnung droe fir Leit, déi Kanner à charge hunn, dass dat och mat erafléisst ouni Steierklassen ze maach, mee dat kann een op vill Aart a weise maachen. Et ass wierklech ze fréi, fir schonn do iwwer Modalitéiten ze schwätzen, mee ech fannen, et soll een ëmmer optimistesch an d'Liewe kucken. Aner Länner hunn dat fäerdeg bruecht, also muss et machbar sinn."

Chamberwahlen 2018: "E komescht Gefill"

2018 waren déi éischt Chamberwahlen, déi de Pierre Gramegna matgemaach huet. 2013 war hien zwar an d'Regierung komm, war awer kee Kandidat. D'Wahlcampagne wier komesch gewiescht fir de Pierre Gramegna, an hie misst sech dodru gewinnen. "Et muss een de Leit jo soen, datt ee selwer gutt ass. An dat ass e bëssen e komescht Gefill. Ech soe léiwer: d'Regierung schafft gutt oder d'Partei huet do eng gutt Propositioun gemaach."

D'Leit géifen awer froen "Wat hutt Dir da gemaach? Firwat soll ech fir Iech stëmmen?" Do misst een äntweren, datt ee selwer eng gutt Aarbecht geleescht huet, an datt ee frou wier, wann d'Leit fir ee géife stëmmen. "Et ass also eppes, wat net esou evident ass."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Den Etienne Schneider, de Xavier Bettel, d'Corinne Cahen an de Félix Braz.
Chamberwahlen 2018

DP, déi gréng an LSAP hunn no annerhallwem Mount Verhandlungen ee Regierungsprogramm ënnerschriwwen. Eng éischt Analys vun den 246 Säiten, iwwer déi d'Parteigremien nach mussen ofstëmmen.

Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?
Chamberwahlen 2018

Wat fir eng Besteierung fir Stéit, Betriber a Patrimoine? Et diskutéieren: Jerry Weyer, Sam Tanson, Alex Bodry, Gilles Roth, Ali Ruckert, Pierre Gramegna, Alex Penning, Carole Thoma, Mario May.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen