Tanktourismus Accisen um Sprit: Decisioun iwwer méiglech Erhéijung Enn dës Joers

D'Regierung wëllt bis Enn des Joers eng Decisioun huelen, ob d'Accisen um Bensin an um Diesel nach eng Kéier erhéicht ginn, seet de Mobilitéitsminister François Bausch.

Rick Mertens / cz

Tanken
Foto: Bigstock / SFC

Viru véier Méint goufen d'Sprit-Accise schonn ëm ee, respektiv zwee Cent gehéicht. Am Dezember wéilt d'Regierung analyséieren, wéi een Impakt dës Mesure hat, esou de François Bausch. Hie seet, wa sech géif erausstellen, datt den Tanktourismus net konnt "ofgebremst" ginn, da misst d'Regierung "nach eng Kéier eng Schëpp noleeën".


De François Bausch


"Dofir ware mir eis eens an der Regierung direkt dogéint ze reagéieren, mat enger éischter Mesure. Dofir zéie mir jo bis Enn des Jores de Bilan. Sollt sech erausstellen, datt mir déi Tendenz net mindestens elo mol ofgebremst kréien, da musse mir mat Sécherheet nach eng Kéier eng Schëpp noleeën. Mee dat ass méi à court terme, fir datt déi Evolutioun eis net derapéiert."
Méi laangfristeg misst dann och nach iwwer aner Steiermesuren nogeduecht gi fir den CO2-Ausstouss ze limitéieren, esou de François Bausch. Dat soll am Kader vun der geplangter Steierreform geschéien. Weider Detailer nennt de grénge Minister am Moment nach net."

Méi zum Thema

Tankstell
Accisen um Sprit

D'Accisen op de Sprit solle gehéicht ginn. De Liter Bensin soll een Cent méi kaschten, den Diesel zwee Cent. Wéi eng Konsequenzen huet dat fir den Tanktourismus zu Lëtzebuerg a wat bedeit dat fir d'Ëmwelt?

Pierre Gramegna
Budget 2019

D'Regierung leet sech nach net fest, ob déi nächst Jore weider Erhéijunge vun den Accisen um Sprit néideg sinn. Um Enn vum Joer géif e Bilan gemaach ginn. Ob eng Hausse néideg ass, wier net virauszegesinn.

A silent pump guards an abandoned gas station
Ëmweltpolitik

Zënter knapp zwee Joer geet de Verkaf vu Bensin an Diesel zu Lëtzebuerg liicht mee erkennbar zréck. Firwat? Lount sech fir "Tanktouristen" iwwerhaapt nach den Ëmwee iwwert de Grand-Duché ?

Eng vun deene gréissten Erausfuerderunge schéngt et ze sinn, vum Akaf vun CO2-Emissiounszertifikater ewech-ze-kommen a méi konkret Mesuren hei am Land ëm-ze-setzen. Ënnert anerem gëtt och eng Etude an deem Sënn iwwert e méiglechem Ausstig vum Tanktourismus ausgeschafft, esou d’Carole Dieschbourg, déi sech geschwënn schonn éischt Resultater erwaard.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen