Pëtrolsindustrie Accisen: Lëtzebuerg muss kompetitiv bleiwen

De Pëtrol mécht nach ëmmer ronn zwee Drëttel vum Energiekonsum vu Lëtzebuerg aus. An d'Pëtrolsventen, inklusiv Bensin an Diesel, sinn zejoert zu Lëtzebuerg eng éischte Kéier zanter véier Joer nees geklommen - ëm 4,9 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. Mam President vum Groupement Pétrolier geet rieds iwwer déi rezent Entwécklunge bei de Ventë vu Bensin, Diesel an anere Pëtrolsproduiten hei am Land.

Pierre Reyland / cz

Romain Hoffmann
Romain Hoffmann

Déi ekonomesch Reprise wier eng vun den Ursaachen, firwat zejoert zu Lëtzebuerg eng éischte Kéier zanter véier Joer nees méi Bensin an Diesel verkaf gëtt, erkläert de Romain Hoffmann, de President vum Groupement pétrolier. Virun allem wieren duerch de Wirtschaftsboom nees méi Camionen duerch Lëtzebuerg gefuer an hätten och nees méi Diesel getankt.

Zu Lëtzebuerg ginn et 239 Tankstellen, déi vill verkafen. Zejoert sinn d'Ventë vu Bensin an Diesel fir d'éischte Kéier zanter 2012 nees geklommen - et gouf eng Hausse vun 3,6 Prozent.

Duerch déi méi niddereg Accisë bleift den Diesel, vum Präis hier, kompetitiv zu Lëtzebuerg. Dem Romain Hoffmann no, géif dee Präisvirdeel virun allem fir Privatleit gëllen, well d'Camionneuren an der Belsch zum Beispill d'Accisë rembourséiert géife kréien.

Hausse vun Accisen op Diesel hätt negativ Konsequenzen

Eng Hausse vun den Accisen op Diesel a Bensin zu Lëtzebuerg hätt dem Romain Hoffmann no eng duebel negativ Konsequenz. De Lëtzebuerger Staat géif dee Moment op en Deel vun de ronn enger Milliard Euro verzichten, déi de Staaat iwwert d'Accisen um Diesel a Bensin erakritt. An de Pëtrolssecteur misst Aarbechtsplazen ofbauen, wann de Volume staark géifen zeréckgoen.

"An der Vergaangenheet hu mir dat och gesinn: Een Cent méi kann da schonn 20, 30 Prozent oder nach méi Aboussen am Verkaf vum Diesel no sech zéien. De Romain Hoffman sot net, wéivill Aarbechtsplazen duerch esou eng Entwécklung a Gefor kéinte sinn.

Politik soll Ziler virginn, Industrie féiert se aus

De Secteur wier sech bewosst, datt d'Emissiounen zu Lëtzebuerg net virun esou kéinte wuessen, seet de Romain Hoffmann.

Et misst een awer ob eng rational an objektiv Aart a Weis un dës Thematik erugoen. Et géif zum Beispill näischt bréngen, fir den Diesel schlecht ze schwätzen.

"Haut ass den Diesel schlecht, muer ass de Bensin schlecht. Virun zéng, 20 Joer war de Bensin ganz schlecht, ech ka mech erënneren, Benzol war am Bensin dran."

D'Politik sollt der Industrie - zum Beispill Emissiounsziler- virginn. D'Industrie an de Commerce géifen d'Ziler dann ëmsetzen, seet de Romain Hoffmann.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

Romain Hoffmann
Tanktourismus

Just e klengen Deel vun de Käschte vum Tanktourismus wieren dem Pëtrol zou ze schreiwen, seet de Romain Hoffmann. Dem GPL-President no missten d'Moteuren hiren Emissiounen no méi héich besteiert ginn.

paul polfer.JPG
Ëmwelt

De Paul Polfer vum Mouvement Ecologique fuerdert vun der Regierung méi konkret Schrëtt fir d'Erausklammen aus dem Tanktourismus. Zum Beispill kéint d'Steierreform nogebessert ginn.

Martina Holbach
Tanktourismus

No der Publikatioun vun der Tanktourismus-Etude fuerdert Greenpeace Lëtzebuerg konkret politesch Mesuren an Instrumenter. Virun allem eng laangfristeg Strategie beim Ausbau vun erneierbaren Energien.

windmill and solar panel with a clear blue sky
Erneierbar Energien

Lëtzebuerg huet a sengem Energiekonsum EU-wäit dee klengsten Undeel un erneierbaren Energien. Déi deementspriechend Direktive gëtt dem Grand-Duché bis 2020 fir des Situatioun ze verbesseren.

 

A silent pump guards an abandoned gas station
Ëmweltpolitik

Zënter knapp zwee Joer geet de Verkaf vu Bensin an Diesel zu Lëtzebuerg liicht mee erkennbar zréck. Firwat? Lount sech fir "Tanktouristen" iwwerhaapt nach den Ëmwee iwwert de Grand-Duché ?

Michel Cames
Ëmwelt

Den Niveau vum kriibsereegende Stéckstoff an der Loft ass permanent ze héich. Dem Michel Cames no, ass déi läscht 20 Joeren an der EU just op Diesel gesat ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen