Tornadoen Tornadoen a schwéier Onwiederen am Süde vu Lëtzebuerg

Bei de schwéieren Onwiederen am Süde vum Land sinn am Ganze siwe Persoune blesséiert ginn, eng dovu méi schlëmm. Dat schreift de CGDIS an engem Communiqué um néng Auer de Freideg den Owend.

Chris Zeien

Opraumen no Tornadoen zu Péiteng
Zu Péiteng hu sech immens vill Leit op der Plaz afonnt, fir bei de Botz- a Raumaarbechten ze hëllefen (Foto: Sophie Morang)

Am Raum Péiteng, Käerjeng an Ëmgéigend hu sech Tornadoe forméiert, déi fir massive Schued un Haiser an Autoe gesuergt hunn. Verschidde Stroosse si gespaart, plazeweis ass de Stroum ausgefall.

Déi lëtzebuergesch Rettungskräften an déi kommunal Autoritéite si momentan op der Plaz, genee wéi Personal vum Service Départemental d'Incendie et de Secours aus Frankräich. Déi concernéiert Acteuren evaluéiere momentan d'Situatioun an informéieren d'Press, soubal d'Situatioun méi kloer ass, heescht et am Communiqué weider.

Foto: Sophie Morang

No Concertatioun tëschent dem Premierminister Xavier Bettel, der Inneministesch Taina Bofferding an dem Haut-Commissariat à la Protection Nationale gouf d'Krisenzell aktivéiert, wéi dat am Fall vun esou schwéieren Onwiedere virgesinn ass.

Fir betraffe Persoune gouf eng Hotline ageriicht: 8002 8080

Foto: Sophie Morang

Méi zum Thema

Cigalon
Mëllerdall

Vill Wanderweeër an der Regioun waren zerstéiert an Haiser iwwerschwemmt ginn. Ee Joer méi spéit schéngt een iwwer de Bierg ze sinn, et gëtt awer nach vill ze dinn. E Reportage vum Stephan Polet.

Iwwerschwemmung 3
Joresréckbléck

Tëschent Juni an August hu verschidde Wiederkonditioune fir Chaos a Schied am Land gesuergt. Nieft den Iwwerschwemmungen hat Lëtzebuerg och mat héijen Temperaturen ze kämpfen. E Réckbléck.

Garage Sanchis Grondhaff
Sechs Méint no den Iwwerschwëmmungen

Zanter de staarken Iwwerschwemmungen am Juni dëst Joer huet de Wirtschaftsministère 20 Betriber indemniséiert, déi am Ganzen 1,4 Milliounen Euro ausbezuelt kruten. Ee vun dëse Betriber gehéiert dem Garagist José Sanchis.

Hëtzt Termometer
Bilan vun der Hëtzwell

Duerch d'Hëtzt sinn d'Hospitalisatiounen an d'Visitten an den Urgencen eropgaangen. Dat seet de Chef vun der Inspection Sanitaire Pierre Weicherding. D'Spideeler mellen dem Gesondheetsministère, wa Leit wéinst Symptomer, déi mat der Hëtzt ze dinn hunn, behandelt ginn.

Mëllerdall Schued u Wanderweeër
De Stroossenzoustand no den Iwwerschwemmungen

D'Iwwerschwemmungen aus de leschte Wochen an Deeg hunn vill Schied u verschiddene Stroossen gemaach. Ponts et Chaussées hunn d'Analys vun der Situatioun gemaach a reparéieren. E Bilan!

Iwwerschwemmungen
Héichwaasser

Och vill kleng Mesurë kënnen dozou féieren, datt manner Schued duerch extrem Wiederphenomer entsteet, esou d'Waasserverwaltung. D'Donnerwiedere vum 1. Juni waren immens schwéier virauszegesinn.

Futtis Autoen
Héichwaasser

An deene Regiounen, wou et d'lescht Woch Iwwerschwemmunge gouf, gëtt nach ëmmer opgeraumt. Déi betraffe Leit sollen sech elo bei hirer Assurance mellen, fir z'evaluéieren, wéi se kënne rembourséiert ginn.

Iwwerschwemmungen
Héichwaasser 1. Juni 2018

Wéinst dem ville Reen an der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg, virun allem am Mëllerdall, ass d'Krisen-Zell vum Haut Commissariat à la protection nationale aktivéiert ginn. Een Iwwerbléck, Hannergrondinformatiounen a Reaktiounen.

Musel.jpg
Héichwaasserrisikomanagementplang

Déi aktuell Héichwaasser-Situatioun kéint statistesch gesinn all zwee Joer esou virkommen, seet d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt. D'Situatioun wier deemno "guer näischt Aussergewéinleches".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen