Op eis Nofro hin huet de Post Group preziséiert, datt d'Prestatioune vu Post Telecom fir d'Cour Grand-Ducale all mobil a fix Abonnementer vun der Cour géifen ëmfaassen, dorënner och déi vun den iwwer 100 Leit Personal. Zu de Prestatioune géifen och déi fix Internet-Accèse gehéieren, grad wéi d'Interconnectivitéit vun de verschiddene Sitten - notamment Colmer-Bierg, Fëschbech an de Palais - duerch professionell securiséiert Linnen.
Am Waringo-Rapport war recommandéiert ginn, datt d'Post-Direktioun doriwwer soll nodenken, ob si dem Haff d'Post-Servicer viru gratis wéilt zur Verfügung stellen. Op dësem Aspekt wëllt d'Post-Direktioun net reagéieren.
De Gesamtmontant vun den Telekommunikatiouns-Servicer géif tëschent 550.000 a 600.000 Euro pro Joer leien, steet am Waringo-Rapport. Baséiert gëtt sech op eng Evaluatioun vun der Post-Direktioun. Dobäi komme Gratis-Prestatioune fir d'Bréifpost vu bis zu 15.000 Euro pro Joer.
De Xavier Bettel hat vun enger "aler Praxis" geschwat. Mam Accord vum Grand-Duc Henri sollen dës Servicer an Zukunft als Fonctionnementskäschte consideréiert a budgetiséiert ginn, esou de Premier.