Frankräich/Däitschland 60 Joer Traité de l'Elysée: Tensiounen am Tandem

E Sonndeg feieren Däitschland a Frankräich de 60. Anniversaire vum Traité de l'Elysée. Dee Vertrag ass den 22. Januar 1963 vum deemolege Bundeskanzler Konrad Adenauer an dem franséische Präsident Charles de Gaulle ënnerschriwwe ginn an huet festgehalen, datt béid Länner sech an Zukunft an alle wichtege politesche Froe consultéieren.

Max Tholl (Paräis)

60 Joer Traité de l'Elysée
Foto: dpa / Andreas Altwein

Um Rendezvous-vous e Sonndeg wäert elo een däitsch-franséische Ministersommet nogeholl ginn, deen am Oktober ausgefall war. De Grond dofir ware Meenungsverschiddenheeten tëschent Berlin a Paräis, déi elo gekläert solle gi fir ze probéieren dëser joerzéngtelaanger Frëndschaft en neien Elan ze ginn.

Den 60. Anniversaire vum Elysée-Traité ass een Datum mat vill Symbolkraaft an déi brauch et den Ament och tëscht Frankräich an Däitschland. D'Tensiounen dominéieren d'Relatiounen tëschent béide Länner - grad elo, wou d'EU groussen Erausfuerderungen ausgesat ass. De Frank Baasner vum Deutsch-Französichen Insitut erhofft sech, datt besonnesch bei zwee Sujeten eng gemeinsam Linn ka fonnt ginn. Wirtschaftspolitesch bräicht et eng europäesch Äntwert op den amerikaneschen Inflation Reduction Act, doniewent misst et och an der Verdeedegungspolitik, zum Beispill bei de Waffeliwwerunge méi Zesummenaarbecht ginn.

Frankräich féiert, Däitschland zéckt

Besonnesch bei der Verdeedegungspolitik hätt et zwar schonn ëmmer Desaccorden tëschent Berlin a Paräis ginn, seet och den Politologe Gilbert Casasus, mee grad elo mam Krich an der Ukrain géing sech weisen, datt et keng gemeinsam Strategie méi géif ginn. Dobäi hätte béid Länner duerchaus gemeinsam Nenner hei, déi et ze fanne gëllt, sou de Politolog.

Anescht ewéi fréier, wier Frankräich haut déi Natioun, déi europäesch Projete géif undreiwen, wärend Däitschland zéckt, fënnt den Gilbert Casasus.

Egal ob bei dem däitschen "Doppelwumms" an der Energiepolitik oder de franséische Panzerliwwerungen un d'Ukrain - ze dacks goufen déi däitsch-franséisch Relatiounen a leschter Zäit vun nationalen Interessen dominéiert, seet de Frank Baasner. Dofir wier et wichteg d'europäesch Partner nees méi staark matzedenken.

Vill Gespréichsstoff

D'Tensiounen déi sech doraus erginn hunn, kéint een net ignoréieren, seet de Frank Baasner, mee et misst een aus dëse Lektiounen zéien. Hien ass optimistesch, datt dëse Mindset och nees do ass.

Et dierft deemno e Sonndeg vill Gespréichsstoff tëschent béide Regierunge ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Max Tholl
Lauschteren

Méi zum Thema

Lukas Held
Seismograph

Steckt hinter dem Begriff "fait maison", "homemade" oder "hausmaacher" mehr, als nur frische Produkte oder originelle Kreationen? Meint der Begriff mehr, als er sagt? Und welche Rolle spielt die Zeit bei alledem?

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen