Technologie 5G zu Lëtzebuerg

Haut a muer ass zu Lëtzebuerg eng Konferenz iwwer déi fënneft Generatioun vum Standard fir mobil Daten, kuerz 5G. Hei soll sech virun allem doriwwer ausgetosch ginn, wéi eng Applikatiounen an Zukunft duerch d'5G-Technologie méiglech ginn. Mee firwat ass dat iwwerhaapt néideg a wéi eng Schrëtter mussen nach geholl ginn?

Stephan Polet / cbi

5G
Foto: Bigstock / Marko Aliaksandr

Den aktuelle Mobilfunkstandard 4G dierft deene meeschte Leit, déi e Smartphone hunn, e Begrëff sinn. Well ëmmer méi Donnéeën duerch d'Géigend geschéckt ginn, kéint de 4G awer geschwënn u seng Grenze stoussen.

A verschiddene Fäll, wéi zum Beispill bei groussen Evenementer mat ville Leit, kéint ee lo scho feststellen, datt d'Netzer heiansdo iwwerlaascht sinn, seet den Eric Krier, vum Medien- a Kommunikatiounsministère. Mat 5G wier et méiglech, iwwer eng Antenn méi Apparater a méi Usere mateneen ze verbannen.

Et sinn net nëmmen d'Smartphonen; och aner Zukunftsvisiounen, wéi autonom Gefierer an Haushaltsgeräter déi matenee verbonne sinn, verlaange méi Kapazitéite fir Daten ze iwwerdroen.

Firwat genee de 5G gebraucht gëtt, misst lo awer nach net onbedéngt kloer sinn. Den Eric Krier zitt e Verglach mam Vir-Virgänger, dem 3G-Reseau: dës Technologie war op de Marché komm nach éier et déi "éischt wierklech gutt Apparater" gi wier, mat deenen een d'3G-Technologie konnt frequent notzen.

Dräi méiglech Frequenzen

Fir déi méi séier Dateniwwerdroung vum 5G ze erméiglechen, sinn zu Lëtzebuerg dräi Frequenzberäicher virgesinn: Kuerzfristeg d'Frequenze ronderëm 700 Mhz an 3,6 Ghz. Laangfristeg ass och nach e Band ronderëm 26 Ghz geplangt. Bis elo war et sou, datt d'Frequenze ronderëm 700 Mhz net genotzt goufen. Am Ausland géifen awer nach esou 700 Mhz-Antenne stoen, seet den Eric Krier.

Bis Enn Juni 2020 misst dëse Frequenzberäich awer fräi sinn. D'Frequenze ronderëm 3,6 Ghz ginn den Ament vum Satellittebedreiwer SES genotzt. No engem Regierungsrot virun zwou Woche gouf awer ugekënnegt, datt d'SES dës Frequenze géif fräimaachen, och fir Enn Juni nächst Joer.

Bis dohi soll dann och kloer sinn, wéi eng Firmen dës Frequenze fir hire 5G-Reseau dierfen notzen. Den Institut Luxembourgeois de Régulation, ILR, setzt d'Konditioune fest, wéi dës verdeelt ginn. Eng Méiglechkeet ass et, eng Stee ze organiséieren. Bei 3G a 4G huet den ILR op eng Stee verzicht. Dës Kéier kënnt een awer deemno wéi net dolaanscht. Bei enger Consultation publique wier erauskomm, datt ganz vill Entreprisen un enger 5G-Frequenz interesséiert wieren.

Ob eng Stee organiséiert gëtt, wier den Ament awer nach net definitiv, esou den Eric Krier.

D'Sécherheet vum 5G-Reseau

Den Opbau vum 5G-Reseau suergt awer, och ausserhalb vu Lëtzebuerg, fir eng Partie Diskussiounen: ënner anerem d'Fro no der Sécherheet vun der dozougehéierender Infrastruktur. Ee bekannten an ee vun de bëllegsten Ubidder heifir ass déi chinesesch Firma Huawei. Besonnesch d'USA pochen drop, datt Huawei aus dem Opbau vun de 5G-Netzer erausgehale gëtt: Si fäerten, datt China doduerch d'Méiglechkeet kritt, europäesch Netzer ze spionéieren.

Wéi déi meescht europäesche Länner, huet Lëtzebuerg Huawei bis elo net vun dësem Marché ausgeschloss. Et géif een d'Thema Sécherheet eescht huelen, seet den Eric Krier. Och géif een zu enger europäescher Risikoanalys bäidroen, mee déi final Responsabilitéit géif beim Operateur vum Telekommunikatiounsreseau leien, dee fir d'Sécherheet a sengem Reseau suerge misst.

Wéi een Impakt op d'Gesondheet?

Et gëtt och ëmmer nees gewarnt, datt déi Stralung, déi duerch e 5G-Reseau entsteet, gesondheetsschiedlech kéint sinn. Wéi déi wëssenschaftlech Evidenz heizou ze beurteelen ass - doriwwer ginn et ganz ënnerschiddlech Meenungen. Am Ministère géif een déi Fro awer ganz genee beobachten, seet den Eric Krier.

Hei géif et och eng Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère ginn, déi Etüden an deene Gebidder gemaach hätten, fir ënner anerem den Impakt vun der Stralung op de mënschleche Kierper ze erfuerschen.

Sou oder sou. Bis de 5G eng wichteg Roll am Alldag spillt, wäert nach Zäit vergoen. D'Lizenze fir d'Frequenze mussen nach vergi ginn. Dës Frequenze mussen och nach liberéiert - an - déi néideg Infrastruktur nach gebaut ginn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Mobile World Congress Barcelona
Mobile World Congress zu Barcelona

Déi gréisste Foire fir mobil Kommunikatioun op der Welt huet dës Woch zu Barcelona hir Dieren opgemaacht. Ronn 100.000 Visiteure konnte sech um Mobile World Congress e Bild vun den neisten Entwécklunge maachen.

Smartphone
WikiLeaks "Vault 7"

Den amerikaneschen Auslandsgeheimdéngscht CIA ass an der Lag weltwäit, a mat dausenden Hacking-Systemer, Smartphonen ze knacken. Dat huet d'Datesammlung mam Numm "Vault 7" vu WikiLeaks devoiléiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen