Pressehëllef 55.000 Euro pro Journalist

Maximal 1,6 Milliounen Euro u Pressehëllef kann ee Medium an Zukunft vum Staat accordéiert kréien, wa bestëmmte Konditiounen erfëllt sinn. Dat geet aus dem Avant-projet de Loi vir, deen eis virläit. Den Text an eventuell Amendementer sollen am Regierungsrot vum 21. September ugeholl an duerno an der Chamber deposéiert ginn. D'Editeure fuerderen ee méi präzisen Text.

Chris Zeien / cbi

Exklusiv D'Medielandschaft zu Lëtzebuerg
Bis zu 1,6 Milliounen Euro Pressehëllef soll ee Medium kënne kréien.

Den Avant-projet de loi, deen dem radio 100,7 virläit, gesäit dës Part fondamentale vir:

  • Dageszeitungen: 200.000 Euro
  • Wochen- a Monatszeitungen: 20.000 Euro
  • Tëschent Print- an Onlinemedie soll keen Ënnerscheed méi gemaach ginn.

Am aktuellen Text steet näischt vun enger Staffelung vun der finanzieller Hëllef, anescht wéi nach an engem fréieren Entworf vum Gesetz virgesi war.

Konditioune fir Pressehëllef ze kréien

Fir vun der Pressehëllef profitéieren ze kënnen, muss eng Redaktioun aus wéinstens zwee professionelle Journaliste bestoen. 55.000 Euro Pressehëllef pro professionelle Journalist soll e Medium an Zukunft dierfen ufroen. De Plafong vun der Pressehëllef soll bei 1,6 Milliounen Euro leien.

Weider gouf den Avant-projet vereinfacht an de Kritär vun der Säitenzuel, fir Pressehëllef ze kréien, gouf gestrach.

Quantitéit ass keen Indice fir Qualitéit

Dës Berechnungsmethod géif d'Qualitéit vum Journalismus och net fërderen, seet de Richard Graf, Editeur vun der Wochenzeitung Woxx. De quantitative Kritär vun der Säitenzuel wier duerch de quantitative Critère vun der Zuel vun de Journalisten ersat ginn.

Dëst wier awer keen Indice fir d'Qualitéit, mee et géif dem Richard Graf no éischter dozou féieren, datt ee probéiert esouvill Journaliste wéi méiglech ze rekrutéieren, meeschtens Ufänger.

Mëttel- a laangfristeg Publikatioune benodeelegt

Datt de Mediepluralismus duerch de Gesetzesprojet gefërdert soll ginn, stellt de Richard Graf och a Fro. Hien ass der Meenung, datt virun allem Wochenzeitungen duerch dat geplangte Gesetz géife benodeelegt ginn.

Dageszeitunge géife méi vun dëser Pressehëllef profitéieren, mee mëttel- a laangfristeg Publikatiounen "léisst een do verkommen", seet de Richard Graf.

Online-Medie kënne Pressehëllef kréien

De Jean-Lou Siweck, Generaldirekter vum Grupp Editpress, begréisst, datt säin Haus duerch d'Neiregelung wahrscheinlech net manner Pressehëllef zegutt huet. Wéi héich d'Hëllef genee wäert ausfalen, kéint ee momentan nach net soen, well dat fundamentaalt Kapitel vun den Definitiounen nach net am Text steet.

Esou ass zum Beispill net kloer, ob den Internetsite vun enger Dageszeitung als eenzele Medium ka consideréiert ginn oder net. Och net kloer ass, ob eng Gratiszeitung vun der geplangter Pressehëllef wäert kënne profitéieren.

Een Online-Medium muss iwwerdeems zwou "Contributions originales" den Dag publizéieren. Eng Definitioun, wat genee eng Contribution originale ass, feelt am aktuellen Text och.

Verbesserunge sinn nach néideg

De Gesetzestext misst dofir plazeweis méi kloer formuléiert ginn, fir Mëssverständnesser ze evitéieren, Abusen ze verhënneren a Rechtssécherheet ze schafen.

Den Avant-projet soll geschwënn am Regierungsrot ugeholl an dann an der Chamber deposéiert ginn, confirméiert op Nofro hin de Paul Konsbruck, Premier Conseiller de Gouvernement.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Chris Zeien
Lauschteren

Méi zum Thema

Verschidde Presseoranger Exklusiv
Verschidde Sockelen

An Zukunft soll d'Zuel vun de Journalisten de Kritär fir d'Héicht vun der Pressehëllef sinn. Dat gesäit den Avant-Projet de loi vir, deen dem radio 100,7 virläit. Et soll awer kee manner kréien.

Eng Journalistin schreift een Artikel
Medien

Déi nei Online-Pressehëllef ass a Kraaft. Et krut awer nach kee Medium se accordéiert. Et gi Schwieregkeete bei der Interpretatioun vun de Critèren. Fënnef Demandë ginn den Ament traitéiert.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen