Corona-Pandemie 44 nei confirméiert Infektiounen

44 Leit goufen hei am Land bannent engem Dag positiv op den neiaartege Coronavirus getest. Dat ass déi stäerksten deeglech Hausse zanter dem 21. Abrëll. Bannent de leschte 24 Stonnen goufen iwwer 4.217 Tester gemaach.

COVID-19 Test
Foto: Bigstock / MCStock

D'Zuele vun den Hospitalisatioune gi weekends net méi aktualiséiert. Et bleift weiderhi bei den 110 Doudesfäll opgrond vun der Covid-19-Krankheet.

Op de soziale Reseaue rifft de Gesondheetsministère d'Leit elo op, trotz schéinem Wieder op Partyen ze verzichten. Et sollt een dëse Risiko evitéieren, fir datt d'Infektiounszuelen net weider klammen.

Allgemeng gëllt d'Recommandatioun fir zwee Meter Ofstand ze halen oder e Mask ze droen a sech dacks d'Hänn ze wäschen.

Am RTL-Interview sot d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert de 26. Juni et wier nach ze fréi fir vun enger zweeter Well ze schwätzen. Vill vun den neien Infektioune wieren op e Familljefest zeréckzeféieren, wou eng 70 Leit op enkem Raum gefeiert hätten.

De Spriecher vun der Covid-19-Taskforce, den Ulf Nehrbass, hat am 100,7-Interview gesot, datt et méiglech wier, datt ee virun enger zweeter Well kéint stoen.

Stand 26. Juni betrëfft bal een Drëttel vun den aktiven Infektiounen hei am Land Jonker tëschent 20 an 29 Joer.

Méi zum Thema

Ulf Nehrbass
Corona-Pandemie

Et wier méiglech, datt Lëtzebuerg um Ufank vun enger zweeter Well steet, seet den Ulf Nehrbass. Dofir wier et wichteg, datt d'Massentester gemaach ginn, fir esou d'Infektiounsketten ze ënnerbriechen.

Claude Muller
Corona-Kris

De Virolog Claude Muller fënnt et wichteg ëffentlech ze soen, sollt eng Party de Grond fir eng héich Zuel un neien Infektioune sinn. Dat géif nämlech weisen, datt esou Partyen net solle stattfannen.

COVID-19 Test
Coronavirus

Bei der Campagne vun Tester am grousse Stil (Large-Scale-Testing) wiere bis elo 12 Leit positiv op den neie Coronavirus getest ginn. Dës Zuel gouf den Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz vu Research Luxembourg genannt.

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen