Gesetz iwwer de Kierchefong 41 Kierchefabricke kloen de Staat un

Nom Akraafttrieden vum Gesetz iwwer d'Schafe vum Kierchefong hunn 41 Kierchefabricken iwwer eng Assignatioun virum Zivilgeriicht wéinst Schuedensersaz geklot. Dee Schued gëtt vun de Kierchefabricken op ronn 40 Milliounen Euro geschat.

Carole Schimmer / ys

Kierch Kräiz

D'Assignatioun gouf un de Kultusminister Xavier Bettel, den Inneminister Dan Kersch an de Finanzminister Pierre Gramegna iwwermëttelt. D'Plainte riicht sech géint de Staat.

Gesetz hätt Kierchefabricken expropriéiert

D'Gesetz iwwer d'Schafe vum Kierchefong géif géint d'Verfassung a géint international Bestëmmunge vum Conseil de l'Europe verstoussen, seet den Affekot Jean-Marie Bauler, deen déi 41 Kierchefabricke vertrëtt. An där Assignatioun gëtt dem Staat ënner anerem Expropriatioun virgeworf, fir déi eng gerecht Indemniséierung misst festgeluecht ginn.

De Gesamtschued, deen déi 41 Kierchefabricken deklaréiert hunn, gouf op ronn 40 Milliounen Euro geschat. Dee Schued baséiert sech op d'Zommen, déi op de Bankkonte vun de Kierchefabricke stinn an op d'Immobilien.

Nei juristesch Prozedur géint de Staat

Déi 41 Kierchefabricken werfen dem Staat vir, Feeler gemaach ze hunn iwwer de Wee vum legislative Pouvoir. Méi genee geet et ëm eng "Action en responsabilité contre l'état du chef de la faute du pouvoir législatif". Dat wier eng aussergewéinlech Prozedur zu Lëtzebuerg, seet de Maître Jean-Marie Bauler. Am Allgemenge kéint de Staat verantwortlech gemaach ginn, wann en e Feeler gemaach huet, wéi zum Beispill bei engem Accident. Am Fall vum Gesetz iwwer d'Schafe vum Kierchefong hätt d'Parlament e Feeler gemaach. Aus deem Grond géif déi Plainte sech géint de Staat riichten, sou den Affekot.

Zu Lëtzebuerg gouf et nach keen esou ee Geriichtsuerteel, am Ausland ginn et schonn eng Rëtsch Jurisprudenzen. Den Affekot Jean-Marie Bauler ënnersträicht weider, datt de fréiere President vum Verwaltungsgeriicht an aktuelle Riichter um Mënscherechtsgeriicht, de Georges Ravarani, sech a senge Publikatioune och mat där Méiglechkeet befaasst hätt, vun enger Verantwortung vum Staat am Fall vu Feeler, déi duerch de legislative Pouvoir entstane sinn.

Méi zum Thema

Kierch Kräiz
Syfel vs Bistum

D'kathoulesch Kierch verdächtegt Kierchefabricken, e puer Honnertdausend Euro op Drëttkonten iwwerwisen ze hunn, ouni déi néideg Regelen applizéiert ze hunn. De Syfel bestreit d'Virwërf a schwätzt vun enger méiglecher Verletzung vum Bankgeheimnis.

Kierch
Kathoulesch Kierch

D'Diskussioun iwwert d'Zukunft vun de Kierchefabricken huet hire virleefegen Héichpunkt erreecht. Mee wourëm geet et eigentlech? E Réckbléck op en Dossier, deen Originne beim Napoleon huet.

Riicht Eraus Riicht Eraus
Méi grouss Trennung tëscht Kierch a Staat

Den Inneminister ass am Sträit ëm d'Zukunft vun de Kierchefabricken net averstane mam Virschlag vum Bistum a vum Syfel. Hien huet e Géigevirschlag gemaach - a wënscht sech bis de Méindeg eng Äntwert.

Jean-Claude Hollerich2.JPG
Kierchefabricken

De Sträit bannent der Kierch spëtzt sech zou. Den Äerzbëschof refuséiert, d'Konventioun iwwert d'Basilika z'ënnerschreiwen, wéinst enger Klo vu Kierchefabricken an hirem Daachverband.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen