Klimaschutz 30 Prozent manner CO2
Bis 2030 sollen Autoen 30 Prozent manner CO2 ausstoussen, dat ass een Zil, dat déi europäesch Kommissioun proposéiert. Eng Quote fir Elektro-Autoen ass net virgesinn. Doriwwer war an der Lescht spekuléiert ginn. D'Mesure ginn net wäit genuch, kritiséieren Ëmweltschützer an déi Gréng. Fir si hätten d'Ziler missten op mannst duebel sou héich sinn, fir d' Engagementer vun der EU am Klimaschutz ze respektéieren.
Direkt véier EU-Kommissäre stoungen um Podium, fir der Press déi nei Mesuren, déi fir méi propper Autoe suerge sollen, ze presentéieren. D'Bild soll eriwwer bréngen, wéi determinéiert dës Kommissioun ass, wann et ëm de Klimaschutz geet.
Datt et virdru ferm Diskussioune gouf, och intern an de Reie vun der Kommissioun, ginn déi véier dono zou. Net awer, datt hir Propose manner ambitiéis ausgefall si wéi erwaart. Konkret proposéiert d'Kommissioun e komplizéierte Schema, deen esou wuel verbindlech Ziler fir CO2 Emissiounen, wéi och Repère festleet, un deene sech d'Industrie orientéiere soll.
30 Prozent manner CO2 bis 2030
Verbindlech wier d'Zil vun enger Reduktioun vu 15 Prozent bis 2025 a vun 30 Prozent bis 2030, jeeweils am Verglach mam Joer 2021. D'Kommissioun geet vun deem Joer aus, well bis dohi schonn Ziler fest geluecht goufen. D'Reduktiouns-Zil gëllt fir all nei Autoen, déi en Hiersteller op de Marché bréngt. Am Fall wou e Produzent d'Zil net anhält misst hie Strofe bezuelen, déi op de Gramm CO2 pro Kilometer ausgerechent ginn.
![]()
"Et ass méi ewéi néideg aktiv ze ginn", sot de Kommissär fir Klima-Aktioun an Energie, den Aries Canete.
"Mir mussen der Tatsaach an d'A kucken, datt d'EU den Ament net op der richteger Pist ass. D'Elektro-Autoe maachen den Ament manner wéi ee Prozent vun de neie Ween aus, déi verkaf ginn. Europäesch Konsumente kënne just tëschent sechs Typpe vun Elektro-Autoen wielen. An Asien gëtt et e Choix vun iwwer 400 Typpen", seet den Aries Canete.
Keng Quote fir Elektro-Autoen
An awer hält sech d'Kommissioun, wat Elektro-Autoen ugeet, mat verbindlechen Ziler zeréck. Amplaz vun enger Quote gi Repère proposéiert, déi awer net onbedéngt agehal musse ginn.
Nach am Oktober haten Artikelen a verschiddene Medie fir Opreegung gesuergt. Deenen no hätt d'Kommissioun Wëlles gehat eng Quote fir Elektro-Autoen anzeféieren. China huet dat gemaach. D'EU verzicht awer drop. Et wéilt een "technologie-neutral" bleiwen, sou d'Explikatioun vun den EU-Kommissären.
![]()
D'EU Kommissären hate bei der Presentatioun méi ewéi een Appell un d'Industrie geriicht hunn, fir matzemaachen. "Ech ziele wierklech op d'Industrie, hiren Deel ze iwwerhuelen an a propper Mobilitéits-Léisungen z'investéieren", seet d'EU-Kommissärin fir den Transport, d'Violeta Bulc.
Ee Cadeau fir d'Automobil-Industrie?
D'ONG "Transport and Environment" féiert d'Decisioun, keng Quoten fir Elektro-Autoen anzeféieren, op direkt Gespréicher vum President vun der EU-Kommissioun mam Automobilsverband. An de Medie war och e Bréif vum däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel un d'Kommissioun ze liesen. An deem Bréif freet de SDP-Politiker d'Kommissioun, hir Mesuren net ze restriktiv ze halen, an der Industrie genuch Zäit ze ginn, fir ze reagéieren.
The global race to develop clean cars is on. Our targets are ambitious, cost-effective and enforceable. #MobilityEU pic.twitter.com/okFz4GBWs2
- Miguel Arias Cañete (@MAC_europa) November 8, 2017
D'Reproche, datt sech hei d'Automobilindustrie duerchgesat huet, weist den Aries Canete zeréck. "Et stëmmt, datt jiddereen an d'Kommissioun koum mat senge Proposen, fir méi oder manner héich Ziler. Mä mir hunn eis Decisioun a Rou geholl. Eis Propose ass balancéiert - a si ass ambitiéis", sou den Aries Canete.
Hie verweist drop, datt déi nei Regele géifen Impulser ginn, fir Elektro-Autoen ze produzéieren: Deemno krit een Automobil-Hiersteller, dee bis 2030 een Drëttel Elektro-Autoe produzéiert, op där anerer Säit bis zu engem gewëssenen Undeel CO2-Emissioune gutt geschriwwen. Erreecht den Auto-Produzent dës Benchmark net, gëtt en allerdéngs net bestrooft.
Et misst een, fir effektiv d'CO2-Emissiounen ëm 30 Prozent ze reduzéieren, awer op alle Fall Elektro-Autoen a senger Flott hunn, soten EU-Diplomaten zu Bréissel. Duerch déi verbindlech Ziler déi d'Kommissioun fir d'CO2-Reduktioun proposéiert, géif an engems séchergestallt, datt den Undeel vun Elektro-Autoe staark klëmmt.
Juncker's early Christmas present to the car industry undermines climate goals. Our reaction to #MobilityEU package just presented by @MarosSefcovic, @MAC_europa @Bulc_EU @EBienkowskaEU https://t.co/N0RIBeOv3k pic.twitter.com/VYPGZyS1QV
- TransportEnvironment (@transenv) November 8, 2017
D'Ziler sinn ze niddereg. Fir deene vum Paräisser Klimaofkommes gerecht ze ginn, missten se op mannst duebel sou héich sinn, soen Ëmweltschützer an déi Gréng. Ouni Quote fir Elektro-Autoen geet et net - seet de Lëtzebuerger Europadeputéierten Claude Turmes. Hie fuerdert eng Quote vun 50 Prozent bis 2025. Dat wier och machbar, sou den Gréngen Deputéierten.
A fir datt Elektro-Autoen och wierklech e positiven Effekt op d'Klima hunn, misste si mat propperem Stroum aus erneierbaren Energie bedriwwe ginn, sou de Claude Turmes.
#MobilityEU "30% #CO2 reduction level proposed by the European Commission is overly challenging" | READ MORE: https://t.co/bWQz3ayiht pic.twitter.com/etZkGj9Ycg
- ACEA (@ACEA_eu) November 9, 2017
D'Auto-Industrie reagéiert och net begeeschtert op d'Propose. CO2-Ziler kéinten en Ureiz si fir Innovatiounen, mä déi aktuell Propose wiere "ganz aggressiv", en vue vum fragmentéierte Maart vun den Elektro-Autoen an Europa, schreift den europäeschen Daachverband vun der Automobil-Industrie an engem Communiqué.
D'Propose vun der Kommissioun ginn elo am Europaparlament a vun den zoustännege Ministeren analyséiert an eventuell nach ëmgeännert.