Fir d'Virbereedung vun der geplangter Motioun waren d'Vertrieder vum Consistoire israélite a vum RIAL an d'Chamberkommissioun invitéiert ginn. Diskutéiert gouf do Ufank vun dëser Woch iwwer de Rapport 2018 vun der Asbl, déi Recherche an Informatioun iwwer Antisemitismus hei am Land mécht. De Bernard Gottlieb erënnert, datt d'lescht Joer 26 Fäll vun Antisemitismus gezielt goufen.
Am éischten Hallefjoer 2019 wieren 30 Fäll gezielt ginn, par Rapport zu 13 Fäll 2017 a 26 Fäll 2018. "Dat ass eigentlech schonn eng Tendenz, déi beängschtegend ass", seet de Bernard Gottlieb.
Grad wéi 2018 géifen et nach ëmmer vill Fäll vun Antisemitismus an de soziale Medie ginn, mee heiansdo och bei der Press, an Artikelen an a Lieser-Kommentaren.
Obschonns Medien eng Netikett hätten, géifen awer heiansdo Inhalter "duerchrutschen", déi de RIAL als antisemitesch ugesäit. De Bernard Gottlieb stellt sech och d'Fro, wéi vill Kommentare mat antisemiteschen Inhalter iwwerhaapt net publizéiert ginn. Dësem Ëmstand géif et méi schwéier maache fir e Gefill fir déi tatsächlech Ausmoossen ze kréien.
Fuerderung no Adoptioun vun IHRA-Antisemitismus-Definitioun
Datt an de Schoulen iwwer d'Schoah geschwat gëtt, an datt kulturell Aktivitéiten zum Thema Juddentum organiséiert ginn, wier wichteg, et kéint een déi Efforten awer nach verstäerken. Et misst een och no aneren Usätz sichen, sou de Bernard Gottlieb, eng méiglech Pist wier d'Aarbechtsdefintioun vun Antisemitismus vun der IHRA. Lëtzebuerg huet nach bis de Mäerz d'nächst Joer d'Presidence vun der "Holocaust Remembrance Alliance. Der IHRA hir Aarbechtsdefinitioun vun Antisemitismus aus dem Joer 2016 ass ëmstridden.
Datt haut nach ëmmer iwwer Antisemitismus muss geschwat ginn, dat bedauert de President vum Consistoire israélite François Moyse. Hie géif et begréissen, wann d'Chamber eng Motioun géif stëmmen, déi Moossname géint den Antisemitismus virgesäit. D'Deputéiert wiere sech och bewosst, wéi eescht a schwiereg d'Debatt iwwer dëst Thema wier. Hie wier och zefridden, datt si d'Iddi haten och Vertrieder vun der jüddescher Communautéit ze héieren, sou de François Moyse.
"Wehret den Anfängen"
De Marc Angel mécht sech Suergen, datt d'Zuel vu Fäll vun Antisemitismus hei am Land klëmmt. Op där anerer Säit wier hien awer och frou, datt et zu Lëtzebuerg net zu Gewaltakte komm wier, mee datt sech den Antisemitismus éischter op sozialen Netzwierker géif ofspillen.
"Mee och do muss een direkt oppassen, 'Wehret den Anfängen' ass ee wichtege Sproch", betount den LSAP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Marc Angel.
Op e parteiiwwergräiffende Konsens bei der geplangter Motioun an der Chamber hofft den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, grad wéi op e kloert Signal géint Antisemitismus hei am Land an am Ausland. Haaptsächlech an der Paräisser Banlieue géifen ëmmer méi Judden hir Gemenge verloossen, well si sech do net méi sécher fillen. Et misst ee sech dësen Zoustand bewosst maachen, seet de Laurent Mosar.