USA 22,5 Joer Prisongsstrof fir den Derek Chauvin
Den Ex-Polizist Derek Chauvin ass an der US-Stad Minneapolis zu 22 an engem hallwe Joer Prisong verurteelt ginn. Hien war am Mee fir de Mord um Afro-Amerikaner George Floyd schëlleg gesprach ginn. De Mord um Floyd virun iwwer engem Joer hat jo fir weltwäit Protester géint Rassismus a Policegewalt gesuergt.
22 an en halleft Joer, datt ass de Statute vum Staat Minneapolis no, eng laang Zäit. Normalerweis wäert den Derek Chauvin mat gudder Conduite dovu just 15 am Prisong verbréngen. Fir e Fall wéi dësen, gesäit de Staat normalerweis eng Zäit vun 12 an engem hallwe Joer vir.
De Chauvin huet sech am Geriichtssall kuerz zu Wuert gemellt. Hien huet de Familljemembere vum George Floyd, déi och am Geriichtssall waren, säi Bäileed matgedeelt. Sech entschëllegt huet hien net, an d'Méiglechkeet säi Regret ze weisen, huet hien net ergraff.
Biergerrechtler an Aktiviste wollten eng méi ferm Prisongsstrof fir als Beispill ze gëllen, fir aner Polizisten déi Leit ëmbruecht hunn.
Och de Parquet wollt méi, an hat 30 Joer gefuerdert. Dem Chauvin säin Affekot hat eng eng vill méi kuerz Prisongsstrof oder esouguer just Prisong mat Sursis ugefrot. Dat war net realistesch, well de Riichter hat schonn ugedeit huet datt et Ëmstänn gouf déi eng méi laang Strof fuerderen. Dozou gehéiert d'Brutalitéit vun der Dot, den Abus vu senger Autoritéit als Polizist, an de Fait dat de Mord vu Kanner gesi gouf.
De Fall vum George Floyd, de Mord un engem net arméierten Afro-Amerikaner dee vun engem wäisse Polizist erschoss gëtt, ass bekanntlech net deen eenzegen an der rezenter Geschicht vun den USA. Et gëtt eng ganz Rei Fäll wou wäiss Poliziste schwaarz Amerikaner mat iwwerdriwwener Gewalt ëmbruecht hunn. Déi mannst vun deene Poliziste goufe schëlleg gesprach, déi meescht koume mol net virun e Riichter.
Den Derek Chauvin ass elo zeréck am Héichsecherheets-Prisong hei am Minnesota, wou hie schonn zwee Méint laang eleng an enger Zell verbruecht huet, an esou wäert et och bleiwen, aus Angscht hie kéint vun anere Prisonéier ugegraff ginn.