Fräie Mikro Eppes feelt ...

Een Dag no deem fierchterlechen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien hält den US-President Joe Biden seng Ried zur Lag vun der Natioun. An der Ried huet d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, eppes vermësst.

Simone Beck

Meenung Simone Beck
D'Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun. (Foto: Archiv)

D'State of the Union Ried, déi den US-President eemol am Joer hält, gëtt vu Milliounen Amerikaner gekuckt. Si ass also eng ideal Geleeënheet innen- an aussepolitesch Akzenter ze setzen an d'Bild vun den USA als Weltmuecht ze stäerken. Am innepoliteschen Deel vu senger dësjäreger Ried huet de President waarm Wierder fonnt fir déi Amerikaner, déi ënner Aarbechtslosegkeet an Inflatioun leiden. Am aussepoliteschen Deel schwätzt hie kuerz iwwert d'Ukrain a geet da länger op China an, dat hien als gréisst Menace fir d'USA gesäit. Déi Zäite wieren eriwwer, an deene China sech géif op Käschte vun den USA ausdeenen. Wa China géif déi amerikanesch Souveränitéit ugräifen, géif Amerika reagéieren. Wéi, léisst vläicht dee leschte Saz vun där Ried anen: "May God protect our troops". Den däitsche Fernseejournalist Stefan Buchen fäert an engem Artikel: "Das hörte sich an wie die Reduktion der Außenpolitik auf den Kampf der Giganten. Wenn der Humanismus auf das eigene Staatsvolk begrenzt, nach außen die soft power gestrichen und nur auf hard power gesetzt wird, dann wird unweigerlich die Bereitschaft steigen, im Militärischen bis zum Äußersten zu gehen."

Innepolitescht Matgefill+

A Mahagonny léisst de Bertolt Brecht säin Held, en einfachen Holzfäller dee säi Gléck an der Stad sicht an net fënnt, soen: "Etwas fehlt". Wat huet am President Biden senger Ried gefeelt? Et hätt him gutt ugestanen, Matgefill mat den deemools schonn dausenden Äerdbiewenaffer an der Tierkei an a Syrien ze weisen. Eng Natioun, déi den Usproch erhieft, Weltmuecht ze sinn, misst eigentlech staark genuch sinn fir Empathie a Solidaritéit. A sengem beandrockende Gedicht iwwert d'Äerdbiewen, dat 1755 Lissabon zerstéiert huet, verlaangt de Voltaire, datt een och mat Mënsche matfille soll, matfille muss, déi Schreckleches erlieft hunn, och wann ee se net kennt. En hätt dem US-President och gutt ugestanen, de Courage vun den iranesche Fraen a Männer un z'erkennen, déi géint eng reliéis an amerikafeindlech Diktatur kämpfen. Oder e Wuert ze fanne fir déi afghanesch Bevëlkerung, déi de Westen esou kläglech am Stach gelooss huet.

2.000 Milliarden US-Dollar

An enger politescher Ried Matgefill mat Mënschen, déi esou schlëmm getraff goufen, ze weisen, ass keen Zeeche vu Schwächt. Am Géigendeel: et ass en Zeeche vum Mënschlechkeet. Awer, mir sollten et eigentlech wëssen, déi hat an der Geopolitik nach ni Plaz. Wat mécht och Mënschlechkeet an Empathie an enger Welt, an där d'Militärausgabe stänneg wuessen? 2021 goufe weltwäit iwwer 2.000 Milliarden US-Dollar a Waffen investéiert (38 Prozent dovun eleng vun den USA). Dann ass natierlech eng Ried, an där Fridden, Solidaritéit a Matgefill eng Plaz hunn, éischter kontraproduktiv.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

Méi zum Thema

Caritas Äerdbiewen Tierkei Antakya
Nom Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien

Den Ament sinn nach zwee Lëtzebuerger Pompjeeën op der Plaz fir ee Kommunikatiounszentrum mat opzeriichten. D'Humanitär Missioun vu Lëtzebuerg am Äerdbiewegebitt geet awer an zwou Wochen op een Enn.

Max Lamesch
Nom Äerdbiewen

Iwwer zwou Wochen no deem schwéieren Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien leescht och Lëtzebuerg weider humanitär Hëllef. Och dräi Lëtzebuerger sinn den Ament op der Plaz.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen