"loss and damages" Klimaschied: Lëtzebuerg misst 324 Milliounen Euro bezuelen

324 Milliounen Euro misst Lëtzebuerg am Fong all Joer bezuelen, fir säin Undeel un de globale Klimaschied (de sougenannte "loss and damages") a Länner vum globale Süden ze kompenséieren. Dee Montant rechent d'ONG Action Solidarité Tiers Monde vir. D'Regierung huet selwer nach keng Berechnungen iwwer méiglech Kompensatioune fir Klimaschied virgeluecht.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Cedric Reichel

Der ONG wier et wichteg gewiescht mol e Montant op d'Responsabilitéit vu Lëtzebuerg ze setzen, seet de Cédric Reichel.

Et kéint ee verschidde Rechnunge maache bei deene verschidde Montante géifen erauskommen. D'ASTM hätt sech net fir eng Maximalfuerderung, mee fir en Duerchschnëttswäert vun 324 Milliounen Euro decidéiert.

"Mee wat sinn 324 Milliounen zu Lëtzebuerg? Dat ass manner wéi mir all Joer duerch Tubaks-Akzisen erakréien. Oder, fir et nach méi populistesch ze soen: et ass fënnef mol den Tankrabatt vun dësem Joer. Also et ass net esou wéi wann déi Zomm zu Lëtzebuerg onvirstellbar wier."

D'Länner verleeën d'Entscheedung ëmmer weider no hannen

D'Regierung hätt iwwerdeems selwer nach keng där Berechnunge gemaach.

"Wat jo awer och wierklech e bëssen d'Absurditéit weist. Dat weist och d'Taktik, och an anere Länner, dat ganzt gëtt praktesch ëmmer weider decaléiert. Mir sinn emol nach net bei den Zuelen".

Aus deem Grond wier d'ASTM op de Wee gaange fir mol Zuelen ze presentéieren fir eng Verhandlungsbasis ze schafen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

António Guterres
COP27

Op der Weltklimakonferenz fënnt den UN-Generalsekretär kloer Wieder: entweder géif ee Klimasolidaritéitspak, oder ee kollektive Selbstmordpakt erauskommen. Op der COP27 solle konkret Decisioune geholl ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen