Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: "D'Leit brauchen elo steierlech Entlaaschtungen!"

Reaktioun op den Etat de la Nation

CSV: "D'Leit brauchen elo steierlech Entlaaschtungen!"

Der CSV-Fraktiounscheffin hunn am Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun virun allem steierlech Mesurë gefeelt. D'Leit bräichten elo direkt steierlech Entlaaschtunge bis an déi breet Mëttelschicht eran, esou d'Martine Hansen.

auto_stories

1 min

D'CSV-Fraktiounscheffin huet betount, hir Partei géif steierlech Entlaaschtungen direkt ëmsetzen, wa se um Rudder wier.

"D'Leit brauchen elo Entlaaschtung! An zwar bis an déi breet Mëttelschicht eran. Si sinn elo esou vill Joer duerch zousätzlech Steierbelaaschtunge vum Staat zur Kees gebiede ginn. An et ass extrem wichteg, datt se elo entlaascht ginn."

D'CSV ass zum Beispill dofir, datt d'Steiertabell direkt un d'Inflatioun ugepasst gëtt, an datt Leit, déi ganz vill verdéngen, méi Steiere misste bezuelen. Wéi vill Recetten de Staat doduerch kéint eranhuelen, konnt d'Martine Hansen awer net soen.

D'Martine Hansen betount, et wier méiglech esou eng Steierreform ëmzesetzen am d'Staatsschold gläichzäiteg ënner 30 Prozent vum PIB ze halen.

"Den Triple A ass fir eis extrem wichteg. Ech denken, datt déi zwou Saache matenee ginn."