Vill Schüler:inne beleeë méi wéi ee Cours. Hei ass d'Progressioun nach méi staark, nämlech 20 Prozent. D'Micky Thein erkläert sech déi vill Inscriptioune mat der d'Gratuitéit vum Museksunterrecht, déi mat dëser Rentrée ageféiert ginn ass.
Mee och déi vill Reklamm, déi an deem déi an deem Kontext gemaach gi wär, hätt warscheinlech eng Roll gespillt.
Kanner fir Musek begeeschteren
D'Gefor ass do, datt déi ageschriwwe Kanner séier d'Loscht verléieren. Dat wier och d'Angscht vun den Direktere vu Museksschoulen a Conservatoiren, datt personell opgestockt gouf, mee dat Personal herno am Leerlauf wier, seet d'Micky Thein.
"Ech sinn do méi optimistesch. Ech hoffen einfach, datt eis Enseignanten d'Kanner begeeschtere kënnen: d'Musek ass eppes Flottes, an ech hoffen, datt d'Kanner dat mierken an dann emol déi éischt Jore bei der Staang bleiwen."
Fir Erwuessener sinn d'Coursen net gratis, mee de Präis gouf fir si op 100 Euro plafonéiert. Och dat géif sech bei den Inscriptioune bemierkbar maachen, seet d'Micky Thein:
"Mir hunn esou vill Aschreiwungen an eisen Adulte-coursen, notamment an der Formation musicale, wéi nach ni. Soss hate mer do 4-5 Schüler:innen an enger Klass, elo si mer effektiv op 17-18, an och do hu mer mëttlerweil schonn eng Liste d'attente (also ech schwätzen do vun enger regionaler Struktur wou ech d'Zuele weess). Allgemeng sinn awer effektiv iwwerall d'Adulte-Coursen erop gaangen."