Radioen

On air

Notturno  |  Astra King - Make Me Cry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique: "Mir sinn an enger Klima-Katastroph"

Klima

Mouvement écologique: "Mir sinn an enger Klima-Katastroph"

"Irresponsabel an net méi ze erdroen" nennt d'Presidentin vum Mouvement écologique d'Inertie vun eenzele politeschen Acteuren an der Klimafro. Mir wieren net méi an enger Klima-Kris, mee schonn an enger Klima-Katastroph, sou d'Blanche Weber am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Den Tankrabatt, deem seng Verlängerung elo vun der CSV gefrot, mee vun der Koalitioun net envisagéiert gëtt, wier an deem Kontext e komplett falscht Signal gewiescht.

"Et huet een den Androck, datt den Tankrabatt eng vun deene Moossnamen ass, wou d'Ekonomiste sech eens sinn - an d'Energiepolitiker souwisou. Datt se net effikass ass, net cibléiert, ekologesch verheerend, datt se ekonomesch näischt bréngt a sozial ongerecht ass. Also et muss een emol op d'Iddi kommen, esou Moossnamen ze erfannen, déi gläich dräi Ziler verfeelen: ekonomescher, sozialer an ekologescher."

Belaaschtungen am Bensinnspräis aberechnen

Dem Klima wier et egal, ob d'Leit hei tanken oder am noe Grenzgebitt, well de Bensinn do ënner Ëmstänn méi bëlleg ass. Déi Iwwerleeung gëtt dacks beméit als Argument géint d'Bestriewungen, den Tanktourismus ofzeschafen.

Mee hält dat Argument d'Strooss? Nee, seet d'Blanche Weber, d'Presidentin vum Mouvement écologique. Éischtens wär et faktuell falsch, well de Präis natierlech e Lenkungseffekt hätt, an och nach laang net jiddweree vu Lëtzebuerg op Lonkech oder Arel géif tanke fueren.

An zweetens misst de Präis vum Bensinn eigentlech méi héich sinn, wann een d'Belaaschtunge mat arechent. "Mir mussen einfach lues a lues déi Belaaschtungen, déi duerch e gewëssent Verhalen ausgeléist ginn, an de Präis integréieren", seet d'Blanche Weber.

Kee wierklecht Ëmdenken

Trotz Rekordtemperaturen an héijen Energiepräisser léisst sech kee wierklecht Ëmdenken an der Klimafro erkennen. Net an der Politik, an och net bei de Gewerkschaften.

D'lescht Woch huet d'CSV sech z.B. fir eng Verlängerung vum Tankrabatt ausgeschwat, verbonne mat der provokativer Fro "oder sollen d'Leit geschwënn op Lonkech tanke goen?"

An den LCGB-President Patrick Dury hei op der Antenn derfir plädéiert, alles drun ze setzen, fir dass d'Spritpräisser zu Lëtzebuerg méi bëlleg bleiwe wéi an den Nopeschlänner, fir dass den Tanktourismus weider eis Keese fëllt.