Entwécklungszesummenaarbecht Kooperatioun: D'ONGe fuerderen e Mindestbudget vum Staat

Den Daachverband vun den Entwécklungs-ONGe fuerdert, datt de Staat den ONGen all Joer e Mindestbudget zur Verfügung stellt, egal wéi d'Wirtschaft sech entwéckelt.

Nicole Ikuku
D'Nicole Ikuku ass Direktesch vum Cercle de Coopération.

D'Direktesch vum Cercle de Cooperation seet, et wier ideal, wann de staatleche Budget fir d'Entwécklungshëllef net méi un déi national Wirtschaftsleeschtung gekoppelt géif ginn. Am Moment ass dat nämlech de Fall, an doduerch géifen d'ONGe manner staatlech Suen kréien, wann d'Wirtschaft méi lues dréit, esou d'Nicole Ikuku.

Si mécht och drop opmierksam, datt an de leschten zwee Joer manner Sue fir Entwécklungsprojete baussent gespent goufen.

"Et gesäit een, datt d'Leit wärend der Pandemie natierlech méi fir Lëtzebuerg ginn hunn, wat och ganz normal ass. An elo mam Ukrain-Krich ruffen d'ONGen natierlech och vill méi op fir fir déi Regioun ze spenden. Mee bon, et sinn och aner Krisen, déi ee wierklech net soll vergiessen."

Weider alles maachen fir den ONGen ze hëllefen

Direktesch vum Cercle de Coopération betount awer, datt bis elo trotz manner Done keng ONGen hätte missten zoumaachen.

D'Nicole Ikuku warnt och, datt ONGen an absolutten Zuele vill Sue wäerte verléieren, wann d'Wirtschaft ufänkt méi lues ze dréinen. Dat wier deelweis scho wärend der Pandemie de Fall gewiescht. De Ministère hätt dee Moment awer déi néideg Flexibilitéit gewisen "a wierklech alles probéiert huet fir datt bei den ONGen net gestrach gëtt".

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Franz Fayot
Tripartite am Hierscht

Wéinst der héijer Inflatioun déi dem Statec no dëst Joer bei 6.6 Prozent kéint leien, kéint eng weider Indextranche am leschten Trimester dëst Joer erfalen. Wat seet de Wirtschaftsminister dozou?

Net verpassen

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen