Een transversalen Aktiounsplang misst d'Problematik, zum Beispill iwwer Formatiounen, op verschidden Niveauen upaken. Wichteg wier de Beräich vun der Justiz, mee och d'Educatioun wier ee wichtegen Deel dovunner, seet d'Sandrine Gashonga am 100,7-Interview.
A verschidde Coursë wéi Geschicht, Geographie oder nach an der Literatur misst de Schoulprogramm op de Leescht geholl ginn, sou datt zum Beispill an deene Fächer raciséiert - also net wäiss - Perséinlechkeeten thematiséiert ginn.
D'Etüd vum Cefis a LISER hätt bis elo net déi versprache Suite kritt, sou d'Aktivistin.
D'Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg
D'Sandrine Gashonga ass och engagéiert a Froe ronderëm d'Kolonialgeschicht. Lëtzebuerg hätt eng enk Verbindung mat der Kolonialgeschicht a muss dofir och riichtstoen, seet si.
Op enger Table ronde gouf de Kooperatiounsminister Franz Fayot d'lescht Woch drop ugeschwat, ob Lëtzebuerg sech fir seng kolonial Geschicht misst entschëllegen.
Den LSAP-Minister wollt keng Ausso dozou maachen: Lëtzebuerg wier éischter "Trittbrettfahrer" gewiescht, wéi datt et de "Lead" gehat hätt an enger Kolonie.
D'Sandrine Gashonga hätt sech hei méi eng kloer Ausso vum Minister gewënscht. D'Vertriederin vu Lëtz Rise Up fuerdert, datt Lëtzebuerg sech fir säi Passé entschëllegt: och wann de Staat net als juristesch Entitéit kolonialistesch aktiv war, sou hätt Lëtzebuerg déi Bestriewungen awer ënnerstëtzt: sief et iwwer Kolonialaustellungen, de Cercle colonial, dee vum spéidere Premier Bech ënnerstëtzt war, oder de Passage vun engem sougenannte Mënschen-Zoo an der Villa Louvigny.
Eng Excuse hätt och eng symbolesch Wierkung, sou d'Vertriederin vu "Lëtz Rise up" domat kéint een de betraffe Bierger:inne weisen, datt si Deel vun der Gesellschaft sinn. Fir déi Excuse wéilt een net heeschen, mee déi géif een exigéieren, esou d'Sandrine Gashonga.
Esou eng Excuse géif awer net duergoen, mee et missten och kloer Strategien an Aktioune géint de Rassismus an d'Dekolonialiséierung ëmgesat ginn.