An de leschte sechs Méint ass awer vun der Police kee Verstouss géint déi Reegel festgestallt ginn. Dat huet de Policeminister Henri Kox virun e puer Deeg matgedeelt. Seng Initiativ hätt dobäi awer eng wichteg Prezisioun vermësst, seet de Philippe Herkrath, de Vize-President vu ProVelo:
"Dobäi hu mir a Reunioune mat der Police, vun der Police selwer gesot kritt, datt si am Moment net déi néideg Moyenen hunn - ech weess net ob et technesch oder anerwäerteg ass - fir dat rechtssécher iwwerhaapt festzestellen. Dat heescht: Si kennen déi Infraktioun guer net feststellen, a mir sinn der Meenung, datt een dat an der Äntwert op esou eng Question parlementaire dann och misst kloerstellen. Datt keng Infraktioune festgestallt gi sinn, well dat guer net festgestallt ka ginn am Moment."
ProVelo erwaart, datt besonnesch bei enger Dispositioun vum Code de la Route, déi mëttlerweil zënter véier Joer a Kraaft ass, d'Police déi néideg Moyene kritt, fir esou Verstéiss kënne festzestellen:
"Am Ausland gëtt et do verschidde Beispiller, a mir hätte gär, datt dat och hei zu Lëtzebuerg ugewannt gëtt."