Wirtschaft Chef-Ekonomist vu BGL BNP Paribas: Inflatioun misst 2023 zeréckgoen

Den Yves Nosbusch deelt d'Aschätzung, datt d'Inflatioun - sauf imprévu - dëst Joer staark wäert zeréckgoen. Hie geet awer dovunner aus, datt de Wuesstum gebremst kéint ginn a schléisst "eng kleng Rezessioun" net aus.

Maurice Molitor / cbi

Yves Nosbusch
Den Yves Nosbusch ass Chef-Ekonomist bei der BGL BNP Paribas

Mam Wësse vun haut, an ënnert der Viraussetzung, datt näischt Onerwaartes geschitt, misst dëst Joer wirtschaftlech en Schrëtt zeréck an d'Normalitéit kënne gemaach ginn. Dat seet de Chef-Ekonomist vun der BGL BNP Paribas Yves Nosbusch am 100,7-Interview:

"Déi meescht Prognosen - an eis och - ginn dovun aus, datt d'Inflatioun dëst Joer staark wäert falen. D'Total-Inflatioun - do sinn och d'Präisser vun der Energie a vum Alimentaire dran. D'Kär-Inflatioun, wou d'Präisser vun Energie an Alimentaire net dra sinn, do gi mer dovun aus, datt déi méi lues wäert falen, méi progressiv."

Den Yves Nosbusch geet dovunner aus, datt de Wuesstum 2023 gebremst kéint ginn, "vläicht eng kleng Rezessioun an Europa", dat géifen déi meescht Institutiounen esou gesinn.

Demande fir Immobiliëprêten ass net agebrach

D'BGL BNP Paribas hat keng grouss Ausfäll bei den Immobiliëprêten ze bekloen, trotz der zolitter Hausse vun den Zënsen, seet den Yves Nosbusch. D'Clienten, déi fir e festen Taux geléint hunn, géifen déi zolidd Hausse vun den Zënse souwisou net spieren.

Bei de Leit, déi e Prête à taux variable geholl hunn, wier déi Zënshausse "kloer" spierbar, dat géif dann och en Deel vum Revenu disponible friessen, "dat ass ganz kloer".

"Mee déi Fäll, wou et wierklech problematesch gëtt, wou d'Leit a Problemer kommen, där gesi mer der awer nach relativ wéineg. An net vill méi wéi virun den Zënshaussen. Op d'mannst bis elo net."

Den Yves Nosbusch mengt, datt et méi eng kleng Demande gëtt fir Immobiliëprêten opzehuelen, ebe grad well se méi deier gi sinn a well een e manner grousse Kredit géif kréien. Doduerch hätt seng Bank festgestallt, datt manner Demande fir Prête komm wieren, mee et géifen der nach ëmmer "ganz vill" ginn.

"Et ass lo net, wéi wann dat agestierzt wier, mee mir gesinn der manner wéi virdrun, doduerch ass dann op der Demande-Säit manner Drock."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Reckinger
Patronatsverband

De Patronatsverband UEL schwätzt sech dofir aus, d'Steiere fir d'Betriber ze reduzéieren. Den UEL-President fënnt, dat wier eng Mesure, mat där Lëtzebuerg méi attraktiv fir auslännesch Entreprise kéint ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen