De Jean-Paul Lickes seet, d'Pollutioune wieren dëst Joer dacks op de Beräich vun der Landwirtschaft zeréckzeféiere gewiescht. Seng Administratioun wéilt dofir probéieren d'Baueren zousätzlech fir de Risk vun der Waasserverschmotzung ze sensibiliséieren.
Och wann eng Rei vun dëse Pollutiounen eng "Défaillance technique" als Ursaach gehat hätten, misst een eventuell awer nach weider Sécherheetsmesurë virgesinn, fir d'Unzuel u Verschmotzungen ze reduzéieren. "Well jidderee verléiert, wann eng Baach polluéiert gëtt."
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Jean-Paul Lickes: "Jidderee verléiert, wann eng Baach polluéiert gëtt"
Gewässer
Jean-Paul Lickes: "Jidderee verléiert, wann eng Baach polluéiert gëtt"
D'Waasserwirtschaftsamt huet am Laf vun dësem Joer eng 150 Pollutioune vu Gewässer hei am Land festgestallt. Dat waren der ronn een Drëttel méi, wéi am Duerchschnëtt vun de Jore virdrun, esou den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.
auto_stories
1 min
