AUSBLÉCK 2021: EU-Politik weider am Zeeche vun der Pandemie

Am Europaparlament gi grouss Hoffnungen an den EU-Antikrisefong gesat, fir d'Suitte vun der Kris opzefänken. Aus der Pandemie solle Léieren gezu ginn, dowéinst gëtt och op eng aner Approche an der Gesondheetspolitik gesat.

Danièle Weber (Bréissel) / cz

EU-Politik a Corona-Zäiten
Foto: EU / Dario Pignatelli

Mat der Arrivée vum éischte Vaccin an der EU ass d'Pandemie nach laang net eriwwer. Am Europaparlament mécht ee sech op ee weidert Joer gefaasst, an deem sech d'EU-Politik mat Covid-19 an den ekonomesche Suitte ausenee setze muss.

Déi negativ Konsequenzen vun der Pandemie opfänken

Eng effizient Impfstoff-Strategie ass do virop ee wichtege Startschoss, seet d'Cheffin vun de Sozialisten, d'Iratxe Garcia Perez

Eng vun den Erausfuerderungen fir d'Joer 2021 méi optimistesch unzefänken wéi 2020 opgehalen huet wier déi, datt all EU-Bierger dee nämmlechten Accès op den Impfstoff muss hunn. Dat misst op eng fair Maneier geschéien, fir datt mer wierklech vum engem Enn vun dëser Pandemie schwätzen kéint.

Enk domat verbonnen ass déi ekonomesch Relance. Den 750 Milliarde Euro schwéieren EU-Antikrisefong wäert hei eng wichteg Roll spillen, seet de Manfred Weber, Fraktiounschef vun der Europäescher Vollekspartei. 2021 wäert d'Creatioun vun Aarbechtsplazen de wichtegste Sujet ginn. An der Eurozon misst mat engem Minus vu ronn aacht Prozent vum PIB gerechent ginn. "Den EU-Budget an de Plan de relance sinn déi zwee Haapt-Pilieren fir d'EU fir zou enger positiver ekonomescher Perspektive bäizedroen."

D'Pandemie huet d'Inegalitéiten an der EU méi grouss gemaach, an dorop muss d'Unioun reagéieren, fënnt d'Manon Aubry - Co-Presidentin vun der Gauche Unie am Europaparlament.

"Iwwerall an Europa gi Leit entlooss, d'Salairë ginn erof, an d'Inegalitéit gi méi grouss. D'Memberstaate musse weisen, datt d'EU hei kann hëllefen Aarbechtsplazen ze erhalen an déi ze protegéieren, déi schonn een héije Präis wärend där Gesondheetskris bezuelt hunn."

Bei all deene Anti-Krise-Reaktiounen dierf de Klimaschutz net vergiess ginn, betount hirersäits d'Co-Cheffin vun deene Gréngen, Ska Keller. 2020 wiere vill Rekorder iwwer Problemer mam Klimaschutz gebrach ginnn. An dat wäert nach méi schlëmm ginn, sou déi gréng Europapolitikerin."Mir mussen elo dringend Mesuren huelen, d'Klimakris ass reell an deem musse mer eis stellen, fir ze garantéieren, datt et net zu engem Desaster kënnt."

Fir d'Ska Keller wäert dowéinst ee vun den Haapt-Combat'sen vum Parlament dëst Joer dora bestoen, ee Klimagesetz mat auszehandelen, datt den Erausfuerderungen vun der Klimakriis gerecht gëtt.

Aus der Pandemie léieren

Um gesondheetspolitesche Plang heescht déi Lektioun: D'EU brauch méi Kompetenzen an deem Beräich. Bis dohin ass et awer ee lange Wee. Konkret gëtt awer dëst Joer un enger Strategie fir d'Medikamenter ze schaffen.

Dat ass eng reell Chance, zum Beispill, fir déi aktuell europäesch Agencen ze stäerken, seet déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz. "Do wäerten eng Partie Gesetzestexter kommen, wou wou mer wierklech keëne Saachen änneren."

Et geet ënner anerem drëm déi zoustänneg europäesch Agencen ze stäerken, mee et steet och eng Direktive um Programm, déi d'Späicherung vun Gesondheets-Donnéeën reegele soll.

Méi Kontroll hätt d'EU gären iwwert d'Entwécklung am Beräich vun der kënstlecher Intelligenz. Hei gouf am Parlament eng nei Kommissioun op d'Been gesat, fir bei Gesetzer matzeschaffen. Member dovun ass d'Isabelle Wiseler, fir d'CSV-Europadeputéiert gëllt et hei dee richtegen Equiliber ze fannen.

Si nennt d'Beispill vun der Kriibsfuerschung. D'Kribsdiagnose ként duerch kënstlech Intelligenz vill méi genee ginn. Dat misst ee fërderen. Op där anerer Säit kënnen d'Donnéeën net einfach sou geholl ginn, ouni dat d'Patienten hire Konsentement ginn. Hei muss d'Politik drop oppassen.

2021: Eng méi strategesch EU

Fir de Marc Angel, Member vum Ausschoss Emploi a Soziales, wäert d'Direktive iwwert een europäesche Mindestloun ee vun de groussen Dossieren dëst Joer ginn.

Et gouf Kritik un der Propose vum EU-Kommissär a LSAP-Parteikolleeg vum Marc Angel, dem Nicolas Schmit. Zum Beispill, datt d'Länner, déi sech net un de neie Kader halen, net sanktionéiert solle ginn. "Et geet drëm, dat esou eng Direktiv och ëmgesaat gëtt, do musse mer dru schaffen."

Den DP-Europadeputéierten Charles Goerens huet sech an de leschte Méint intensiv mam neien "Noperschafts, Entwécklungs- an Kooperatiounsinstrument" beschäftegt. Dohannert verstoppt sech de Versuch verschidden europäesch Dëppen zesummenzeféieren.

An zéie Verhandlunge gouf versicht, mat de Vertrieder vun de Memberlänner d'Modalitéiten ze klären.

D'Parlament huet sech virun allem dergéint gewiert, datt d'Hëllef u Konditiounen, wéi zum Beispill d'Zesummenaarbecht an der Migratioun gekoppelt gëtt. Dat wier den Ufank vum Enn vun der Kooperatiounspolitik seet de Charel Goerens.

Fir den DP-Politiker geet et d'nächst Joer fir d'EU och drëm, global gesinn, Jalonen ze setzen - notamment mat Bléck op den afrikanesche Kontinent. D'Europäesch Unioun misst vill strategesch denken an handelen. 2021 wier mat engem neien US-President, ee gudde Moment dofir. Hie gesäit do fir d'EU eng gutt Opportunitéit.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Frank Engel
Impfstoff

Den CSV-President Fränk Engel hat mat Kritik iwwer d'europäesch Strategie beim Impfstoff op sech opmierksam gemaach: bei all Impfstoffproduzent hätt misse fir déi ganz EU-Populatioun akaaft ginn.

Petra Kammervert
EUROPA-INTERVIEW

Een neit EU-Reglement schreift vir, datt terroristesch Propaganda am Internet muss bannent enger Stonn geläscht ginn. Doduerch besteet och d'Gefor vu verstoppter Zensur, seet d'Petra Kammervert (SPD).

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen