arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2020 goufen et däitlech méi Stierffäll zu Lëtzebuerg

Populatioun

|
reading time

2 min

2020 goufen et däitlech méi Stierffäll zu Lëtzebuerg

D'lescht Joer sinn zu Lëtzebuerg däitlech méi Leit gestuerwe wéi an de Jore virdrun. Dem STATEC no sinn d'lescht Joer 4.649 Leit gestuerwen - ronn 400 méi wéi 2019. Dat entsprécht enger Hausse vun 8,5 Prozent.

reading time

2 min

play_arrow Lauschtert de ganze Bäitrag hei

Besonnesch am November an Dezember wiere méi Leit gestuerwe wéi dat an de Jore virdrun de Fall war, erkläert de François Peltier, Chef d'unité vu Populatioun a Logement beim STATEC. 22,5 Prozent vun de Stierffäll vum ganze Joer 2020 wieren op déi zwee Méint zeréck ze féieren.D'Stierffäll zu Lëtzebuerg vun 2015 bis 2020

10,8 Prozent vun de Leit, déi 2020 gestuerwe sinn, ware mam Coronavirus infizéiert. An dat betrëfft déi zwee Geschlechter net gläichermoossen: Männer si méi staark betraff. Besonnesch tëschent dem 23. an dem 29. November géif een eng grouss Iwwerstierflechkeet bei Männer feststellen.

Fir d'Surmortalité ze definéiere gëtt all Woch mat der jeeweileger Moyenne aus de leschte fënnef Joer verglach, souwéi d'Variatioun vun de Stierffäll gekuckt.

Et wier zwar logesch, datt wann d'Populatioun wiisst, datt et och méi Stierffäll gëtt. Fir dat a Relatioun ze setze gëtt et den Taux de Mortalité. Dëse wier an de leschte Joerzéngten tendenziell erofgaangen - 2020 wier en awer ëm 7,3 Prozent geklomm op en Niveau vu virun zéng Joer.

D'Zuele si fir de Moment provisoresch: eng final Analys iwwer d'Surmortalité zu Lëtzebuerg 2020 soll Enn Mäerz publizéiert ginn.