Positiounswiessel Patronat: CGFP ass "e Problem"
De Patron vun de Patronen zitt Bilanz op sengem leschten Dag als President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises. Den Nicolas Buck gëtt den 1. Januar 2021 vum Michel Reckinger ofgeléist.
Den Decalage tëschent der Welt vun de politeschen an där vun den ekonomeschen Decideure géif d'Land virun eng grouss Erausfuerderung stellen, esou den Nicolas Buck.
Politik schwäetzt just eng Sprooch
Op sengem leschten Dag als President vun der Unioun vun den Entreprisen huet hien drop higewisen, datt sech Politik, Gewerkschaften a Patronatsverbänn exklusiv op Lëtzebuergesch mateneen ënnerhalen, wärend an der Privatwirtschaft ëmmer méi aner Sprooche geschwat ginn.
Datt d'Auslänner hei am Land Steiere bezuelen ouni e politescht Matsproocherecht ze hunn wier ee Problem, sot den Nicolas Buck. D'Léisung misst awer net onbedéngt d'Auslännerwalrecht sinn.
Kompetent Beamte géife verluer ginn
Hie bedauert och, datt grouss Deeler vun der Fonction publique de Lëtzebuerger virbehale bleiwen, well d'CGFP bis elo mat Succès géif blockéieren. D'Staatsbeamtegewerkschaft wier "e Problem", esou den UEL-President, dee mam neie Joer vum Michel Reckinger an där Funktioun ofgeléist gëtt.