STATEC 2018: E Joer ouni Suergen?
De Comité économique et financier national, deen an der Regierungserklärung ugekënnegt gi war, ass viru Kuerzem iwwer e Règlement grand-ducal an d'Liewe geruff ginn. Dat verréit den Direkter vum STATEC Serge Allegrezza dem radio 100,7. Dee Gremium, dee schonn zënter enger Rei Joren op informeller Basis funktionéiert, gëtt domat institutionaliséiert.
All d'Verwaltungen an Institutiounen, déi bei der Opstellung vum Budget Chifferen oder Projektioune liwweren, sinn am Comité économique et financier national vertrueden. Et géif drëms goen, sech do op objektiv Donnéeën ze verstännegen, opgrond vun deenen dann déi politesch Decisiounen iwwer d'Ausriichtung vum Budget geholl ginn: "Déi Dissociatioun ass e ganz grousse Fortschrëtt, si muss awer elo nach gelieft ginn", seet de Serge Allegrezza.
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth begréisst d'Existenz vum Comité économique et financier national, well et déi politesch Debatt iwwert déi ëffentlech Finanze géif objektivéieren. Dat neit Gremium gouf virun dräi Méint an d'Liewe geruff. Et besteet aus enger Dozen héije Beamten a soll d'Finanzverwaltunge koordinéieren an d'Regierung mat Analysen an Zuelen iwwert déi ëffentlech Finanze beliwweren.
Den nationale Wirtschafts- a Finanzkomité ersetzt den informelle Comité de prévision. Dem Serge Allegrezza no wier dat op Drock vun der EU geschitt, well d'Koordinatioun deemools net gestëmmt hätt. D'Zesummenaarbecht hätt vum gudde Wëlle vu Verwaltungscheffen ofgehaangen. Fir de Gilles Roth kéinte mat deem neie Gremium Divergenzen iwwer Zuele verhënnert ginn. Den Oppositiounspolitiker nennt beispillsweis d'Debatt iwwert de Käschtepunkt vun der Steierreform, wou d'Aschätzungen vum "simple au double" variéiert gehat hätten.
D'Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg
Wann déi ekonomesch Projektioune vum STATEC stëmmen, da kéint 2018 fir Lëtzebuerg e Joer ouni gréisser Suergen ginn: De PIB soll ëm 4,5 Prozent wuessen, den Emploi ëm dräi Prozent. De Chômage wäert zréckgoen. "Natierlech nëmmen, wann näischt Onerwaartes geschitt", nuancéiert den Direkter. D'Wahlen an Italien oder d'Problemer bei der Regierungsbildung an Däitschland kéinte fir Onrou an der Eurozon suergen, an dat géif sech dann och negativ op d'Lëtzebuerger Ekonomie auswierken.
De Serge Allegrezza weist awer och drop hin, datt déi wirtschaftlech Reprise sech net an der Liewensqualitéit erëmspigelt: Et géif en Decalage ginn tëschent der Progressioun vum PIB op där enger, an dem Indice du Bien-être op där anerer Säit. "Et ass wichteg och deen Indice ze kucken, wann ee wëllt wëssen, wat an dësem Land lass ass."
"Post muss nei Weeër goen"
Kuerz viru Chrëschtdag ass dem Serge Allegrezza säi Mandat un der Spëtzt vum Verwaltungsrot vun der Post ëm fënnef Joer verlängert ginn. An hiren dräi Aktivitéitsberäicher hätt d'Post et mat extrem schwierege Marchéen ze dinn, seet den alen an neie President: Bei de Finanzservicer, der Bréifpost, a ganz besonnesch am Beräich Telekommunikatioun, wou héich Investitioune gefrot, awer nëmme kleng Margen ze verdénge wieren. Dofir mengt de Serge Allegrezza, datt an noer Zukunft Adaptatioune vun den Tariffer no uewen "inevitabel" wären.
Trotzdem kuckt de President vum Verwaltungsrot net pessimistesch an d'Zukunft: "D'Post huet 175 Joer, si ass gewuess mam Lëtzebuerger Staat, si huet en Numm mat deem sech ganz vill maache léisst", seet hien. Si misst sech nei erfannen an nei Weeër goen. "Si wäert immens konkurrenzéiert ginn, mä si wäert net verschwannen."