Kampf géint de Klimawandel Greenpeace: "Bis 2050 komplett op erneierbar Energien ëmklammen"

De Summer 2018 war ganz waarm. "Et ass en Zeeche vum Klimawandel", soen Experten. "Mir mussen ewech vun de fossillen Energien a komplett op erneierbar Energien ëmstellen", fuerdert de Raymond Aendekerk vu Greenpeace Lëtzebuerg.

Carole Schimmer / Sophie Morang / cz

Raymond Aendekerk
Den Direkter vun Greenpeace Lëtzebuerg, Raymond Aendekerk

"Mir verbrauche vill Energie a produzéieren net nohalteg". Dat ass d'Analyse vum Raymond Aendekerk. A Saachen erneierbar Energien, wier Lëtzebuerg Schlussliicht am europäesche Verglach. Wuel gëtt et d'Zil, den Undeel vun den Erneierbare bis d'Joer 2020 op eelef Prozent erop ze schrauwen. "Do musse mir awer nach vill zouleeën", seet den Direkter vu Greenpeace. Wann ee bis 2050 komplett vun der fossiller Energie fort wéilt, da missten d'Strategië changéiert an de Finanzéierungsmodus ugepasst ginn.

"2016 goufen et eng 6.000 Solaranlagen zu Lëtzebuerg" seet de Raymond Aendekerk. "Mir brauchen der méi!" Dat hätt nämlech just emol 0,4 Prozent vun der elektrescher Energie representéiert. "Do ass Loft no uewen". De Raymond Aendekerk zitéiert eng Etüd, déi seet, datt et bei zu Lëtzebuerg Potential gëtt, fir bis 2050 e Prozentsaz vu 47 ze erreechen.

"Net am Ausland akafen!"

Lëtzebuerg ka säin Ziel vun 11 Prozent bis 2020 erreechen, andeems et deelweis am Ausland investéiert. "Déi nächst Regierung muss kloer maachen, datt se net am Ausland akeeft", fuerdert de Greenpeace-Direkter. "Erneierbar Energiepolitik soll hei zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn."

Wa Biergerinitiativen, wéi zu Déifferdeng, sech aus Naturschutzgrënn géingt d'Implantatioun vun engem Wandpark staark maachen, huet de Raymond Aendekerk Verständnis dofir. Do misst e gudde Kompromëss fonnt ginn. Et wier awer Fakt, datt Lëtzebuerg déi alternativ Energië bräicht, fir vun der fossiller Energieversuergung ewech ze kommen. "Déi mëscht ze vill e grousse Schued", esou de Raymond Aendekerk.


De Raymond Aendekerk am Interview beim Carole Schimmer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Martina Holbach
Tanktourismus

No der Publikatioun vun der Tanktourismus-Etude fuerdert Greenpeace Lëtzebuerg konkret politesch Mesuren an Instrumenter. Virun allem eng laangfristeg Strategie beim Ausbau vun erneierbaren Energien.

Laurent Moyse Meenung
Wuesstem

D'Rifkin-Etude ass guer net esou innovativ wéi et op den éischte Bléck schéngt a Villes gouf schonn thematiséiert. War et néideg, e bekannten Ekonomist deier ze bezuelen, freet de Laurent Moyse.

Etienne Schneider
Rifkin-Etude

Teleaarbecht, Carsharing an Uberisatioun wäerten an Zukunft Deel vun der Wirtschaft an der Aarbechtswelt ginn, seet den Etienne Schneider. Dofir wier et wichteg dee Prozess aktiv ze begleeden.

desert windmills in dunes energy
Klimapolitik

Fir eng Reduktioun vun de CO2 Emissioune solle méi erneierbar Energië produzéiert ginn. Marokko - wou den Ament d'COP22 ass - wëll an deem Beräich mam Beispill virgoen. Mee zu wéi engem Präis?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen