Joresréckbléck 2017 an der Medezin

Vum medezinesche Cannabis bis zur Unerkennung vun der Osteopathie als Beruff. Wéi eng Theme hunn 2017 am Gesondheetswiesen dominéiert, a wat waren déi wichtegst Entwécklungen?

Fanny Kinsch / cbi

Canabis
Foto: Bigstock / visivasnc

Bannent de nächsten zwee Joer sollen 80 bis 100 Patienten déi spezifesch Critèren erfëllen fir Accès zu medezineschem Cannabis ze kréien. D'Verdeelung soll iwwert eng Spidolsaptikt lafen, esou d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch bei der Presentatioun vum Pilotprojet am November. Do géif dann an engem securiséierten Ëmfeld pharmazeutesch konditionéiert an doséiert ginn. Et wéilt ee ganz cibléiert virgoen, an och d'Kontrollméiglechkeeten e Maximum ausschöpfen.

Sech géint HIV schützen

Mam prophylakteschem Medikament PrEP kann ee sech virun HIV-Infektioune schützen, wann een zum Beispill Sex mat engem HIV-positive Partner huet. Zu Lëtzebuerg krute bis ewell knapp 30 Leit Accès zum Medikament duerch de Pilotprojet PrEP, esou den Dokter Vic Arendt vum Centre Hospitalier am November. D'Medikament wier awer net als Ersatz zum Kondom ze gesinn, mä als zousätzleche Schutz.

Aktiounsplang géint Hepatite

Der Aschätzung vum Gesondheetsministère no hu 5.000 bis 10.000 Mënschen eng Hepatite-Infektioun zu Lëtzebuerg. Mëtt Dezember ass den éischten nationalen Aktiounsplang géint d'Hepatite virgestallt ginn. Nieft verstäerkter Präventiounsaarbecht ass och de Bau vun enger neier Wunnengs-Struktur geplangt, an där infizéiert Leit aus engem prekären Ëmfeld behandelt kënne ginn, sou d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

Neiregelung vum Beruff Osteopath

De Beruff vum Osteopath soll deemnächst unerkannt a gereegelt ginn. D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch huet den deementspriechende Gesetzprojet uganks Dezember virgestallt. Fir an Zukunft als Osteopath unerkannt ze ginn muss een eng Formatioun vun Niveau Master virweisen. De Jean Bofferding, President vum Osteopathe-Verband ALDO, war averstane mat dësem Critère. E wier noutwenneg, fir d'Seriositéit am Beruff oprecht ze halen.

En neit Spidolsgesetz

En Thema, dat ugangs 2018 nach an der Gesondheetskommissioun an der Chamber soll diskutéiert ginn ass de Monopol vum Staatslabo op Analysen am Beräich vun der pathologescher Anatomie. Dëse Monopol soll duerch dat neit Spidolsgesetz confirméiert ginn, onkloer ass awer nach ob dat gerechtfertegt ass.

Méi zum Thema

Een Employé vun Aurora Cannabis inspizéiert en Marihuana-Planz
legale Cannabis

Fir géint d'organiséiert Kriminalitéit virzegoen, wëllt de Kanada Marihuana vum éischte Juli 2018 u legaliséieren. Een onrealisteschen Zäitplang, soe Kritiker. D'praktesch Ëmsetzung wier nach net gekläert.

truvada.jpg
HIV-Präventioun

De Gesondheetsministère préift, ob d'Medikament "Truvada" och zu Lëtzebuerg fir d'Präventioun vun HIV-Infektioune soll agesat ginn. Duerno kéint et da fir deen Zweck vun der CNS rembourséiert ginn.

Programm

  • Robert Glasper: Covert-Live

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Literaturlabo 7: Bilan

    En Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un(e) technicien(ne) radio.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen