E schéint neit Joer? 2016 - Annus horribilis?

2016 huet eis gerëselt. An zwar sou staark, datt verschiddene vun deenen Institutiounen a Wäerter, déi eis modern Demokratien ausmaachen, wackelen. Et ass fënnef vir zwielef, wa mir net opstinn.

Simone Beck / ys

Meenung Humanitär Hëllef zu Wardak am Irak
Camion mat Hëllefsgidder zu Wardak am Irak (Foto: picture alliance / Maciej Moskwa)

Wann een deen éischte Fräie Mikro an engem neie Joer mécht, huet een e schwéiere Stand. Kuckt een zréck op dat aalt Joer oder viraus op dat neit? Eess ewéi Eess, déi zwou Approchë sinn am Moment deprimant. E Joer voller Gewalt, Krich, Attentater an Doud läit hannert eis. Ech si frou, datt ech net kann aus dem Kaffisaz liesen, awer et ass unzehuelen, datt dat nächst Joer kaum besser gëtt.

Vrun allem och, well Strukturen a Wäerter, déi eis modern Staaten zesummegehalen an inspiréiert hunn, am Gaange sinn, mëssbraucht, ignoréiert an ëffentlech lächerlech gemaach ginn.

Demokratesch Valeuren a Gefor

Wann de Sécherheetsrot vun der UNO - endlech - d'Siidlungspolitik vun Israel an de besate Gebidder condamnéiert, seet de Benjamin Netanjahu, hie bréicht déi Institutioun iwwerhaapt net, déi och fir den Donald Trump - esou säin Twitter vum 26. Dezember - just e Veräin ass fir Leit, déi zesummekommen, "to have a good time".

Wahlen, Referendumen an Ëmfroen, wichteg Instrumenter vun eiser Demokratie, kënne sech och als hir Doudegriewer erweisen. D'Amerikaner an d'Welt kréien ee President, deen op Grond vun engem total vereelzte Wahlsystem un d'Muecht kënnt. Ee System, deen et erméiglecht, d'Stëmme vun 2,8 Millioune Wieler ënnert den Teppech ze kieren. An der Europäescher Unioun si Regimmer un der Muecht, déi den Numm Demokratie net verdéngen.

Eis demokratesch Valeure loossen et zou, datt Parteien, déi grad dës Valeuren net vertrieden, an der Ëffentlechkeet - och dank enger dacks complaisanter Press - eng Plattform kréien, déi geféierlech ass.

Et ass fënnef vir zwielef

Et trieden ëmmer méi Leit zu Wahlen un, déi zum erkläerten Ziel hunn, d'Grondlage vun der Demokratie an hir Wäerter ze zerstéieren. Respekt virun anere Liewes- a Glawensformen, Hëllefsbereetschaft a Generositéit si Kategorië ginn, déi ëmmer méi ofwäertend gebraucht ginn. Eis Wäerter entglëtschen eis, vläicht och, well mir net opstinn, fir se ze verdeedegen. Vläicht well mer net mierken, datt et fënnef vir zwielef ass.

Zu Lëtzebuerg geet et eis dach wonnerbar, wat solle mir eis ëm anere Leit hir Problemer këmmeren? An Zäite vu Globaliséierung kënnen an däerfe mir dat net méi soen. Den Englänner hir Decisioun, d'EU ze verloossen, huet Auswierkungen op eis all. De Krich, dee verschidden europäesch Länner am Noen a Mëttleren Osten ënnerstëtzt hunn, bréngt leschten Enns Camionen zu Nice an zu Berlin dozou, a Leit ze fueren, déi feieren a wëlle frou sinn. An datt d'Politik vun den USA Auswierkungen op d'ganz Welt huet, ass evident.

Mat eis net

Awer - mir sinn am Ufank vun engem neie Joer, a mir wëllen a sollen et net desillusionéiert ufänken. Et kann een och Camione mat Hëllefsgidder fëllen a si duerch ganz Europa a Flüchtlingslager féieren, to catch a smile. Devouéiert Fräiwëlleger weisen deene Leit, déi hir Heemecht verluer hunn, eis Heemecht. A leschten Enns huet kee Populist eng Chance, wa mir soen: Mat eis net.

An deem Sënn: ech wënschen eis, datt mir 2017 d'Stäerkt fannen, ze soen: "mat eis net". An datt d'Christiane Kremer Recht behält. Op d'Fro vun RTL, wat fir eng Iwwerschrëft si am neie Joer wéilt liesen, sot si: "D'Joer 2017 war dat rouegst a friddlechst zënter Joerzéngten." An deem Sënn: e schéint neit Joer.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Simone Beck
Lauschteren

Méi zum Thema

Trauer zu Nice
Réckbléck 2016

Am Fréijoer Bréissel, um franséischen Nationalfeierdag Nice, kuerz viru Chrëschtdag Berlin, an ëmmer nees an der Tierkei. Och 2016 hunn terroristesch Attacke fir an Angscht an Trauer an Europa gesuergt.

Susanne Buckley-Zistel
Konfliktfuerschung

Mat 32 Kricher gouf et 2016 ee Konflikt manner wéi zejoert, sou d’Susanne Buckley-Zistel, Directrice vum Marburger "Zentrum für Konfliktforschung". Mee de Krich a Syrien hätt sech verschlëmmert.

Pro-Regierungs-Zaldoten am Dezember 2016 zu Aleppo
Krich a Syrien

Wéi komme Journalisten un Informatiounen iwwer de Krich a Syrien? Um Terrain ginn et ëmmer manner Quellen. Iwwer déi komplex politesch Zesummenhäng eraus gi Medien mam Informatiounschaos konfrontéiert.

Den Donald Trump viru senge Supporter Analys
Wirtschaft

Den Donald Trump huet d’amerikanesch Presidentschaftswahle gewonnen. Wat bedeit dat fir d’Weltwirtschaft? Fir déi amerikanesch an déi europäesch, a fir déi Lëtzebuerger Wirtschaft?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen