Réckbléck 2016 Ee Gesetz, een Trojaner an ee Stuerm am Waasserglas

Dräi Joer waren et d'lescht Joer hir, datt d'CSV-LSAP-Regierung iwwert d'Geheimdéngschtaffär gefall ass an datt et zu Neiwahle komm ass. Mee och 2016 war de SREL nees en Thema. Esou gouf zum Beispill en neie legale Kader fir de Geheimdéngscht gestëmmt. Ee Réckbléck.

Jean-Claude Franck / cwi

Daten
Foto: Bigstock

Den néngte Juni, bal genee dräi Joer nodeems wéinst der SREL-Affaire Neiwahlen ausgeruff goufen, huet d'Chamber eng Reform vum Geheimdéngscht ugeholl. Mat enger däitlecher Majoritéit: Just déi fënnef Deputéiert vun ADR an Déi Lénk hunn dogéint gestëmmt. D'Gesetz gesäit eng verstäerkte Kontroll vum Geheimdéngscht vir, als Reaktioun op d'Dysfonctionnementer, déi virun dräi Joer bekannt goufen.

Vill Deputéiert hu sech am Juni op d'Schëller geklappt a gemengt, dat neit Gesetz wier vill besser, wéi dat alt. De Rapporter an DP-Deputéierten Eugène Berger sot op der Chamberstribün, datt d'Chamber hir Missioun erfëllt hätt.Méi Kontroll, also manner Risiko fir Abusen, esou de Motto. Just, den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet dat anescht gesinn. Hien huet betount, de Grondprinzip am Geheimdéngscht wier deen, "datt desto manner Leit wësse wat geschitt, desto besser ass et."

Staatstrojaner

Mee ob d'Geheimdéngscht-Reform wierklech an all Beräich virun Abuse schützt, ass ëmstridden. De SREL krut mam neie Gesetz nämlech och nei Moyenen. Dorënner d'Asetze vun engem Staatstrojaner bei Terrorismus- oder Spionage-Menacen. Am Juni huet de radio 100,7 gemellt, datt de Geheimdéngscht scho virun der Reform Staatstrojaner benotzt huet fir Leit via Computeren auszespionéieren.

De radio 100,7 huet och gewisen, datt juristesch ëmstridden ass, ob dat neit Gesetz d'Benotze vun Trojaner präzis genuch encadréiert fir Abusen ze verhënneren. De Jurist Pol Urbany sot an deem Kontext, datt verschidde Saachen onprezis géife bleiwen. D'Fro déi misst gestallt gi wier, wat Staatstrojaner iwwerhaapt op der Festplack maachen dierfen an awéiwäit een Abus méiglech wier.

Wann néideg, misst d'Gesetz op deem Punkt nogebessert ginn, sot den CSV-Deputéierte Gilles Roth während dem Vote vum Gesetz. D'Gesetz ass zënter Oktober a Kraaft. Nogebessert gouf et nach net.

Entrevue Kemmer-Bettel

Am Fréijoer huet d''Lëtzebuerger Wort hat gemellt, datt de Xavier Bettel an de fréiere Geheimdéngschtmataarbechter André Kemmer während der SREL-Affaire eng Entrevue haten: Eng Entrevue also tëscht dem Vize-President vun der SREL-Enquêtëkommissioun an engem wichtegen Zeie vun deemools. De Xavier Bettel hat dat deemools net ëffentlech zouginn. Och net nodeems hien aus der Enquêtëkommissioun demissionéiert hat.

No de Presseberichter huet d'CSV eng Demissioun vum Premier an d'Diskussioun bruecht. An der Suite huet de Premier Xavier Bettel zouginn, datt en deemools hätt solle méi transparent mat der Entrevue emgoen. "Et wier besser gewiescht, ech hätt deemools och an der Kommissioun deklaréiert, datt ech net méi Member vun der Enquêtëkommissioun sinn, well ech d'Gefill hat, den Här Kemmer kéint eng perséinlech Renconter mat mir mëssbrauchen, fir vu senger Roll an der Affär ofzelenken", esou dem Premier seng Wieder.

Um Enn huet den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler keng Demissioun verlaangt. Hien huet awer d'Konklusioun gezunn, datt dem Premier seng Credibilitéit duerch d'Affär gelidden hätt. Domat allerdéngs hat et sech: par rapport zu de méi fundamentalen Diskussiounen iwwer dat neit Geheimdéngschtgesetz war d'Affaire Bettel-Kemmer um Enn e Stuerm am Waasserglas.

Méi zum Thema

Gast Giberyen
Staatstrojaner

De Gast Gibéryen ass dovun iwwerzeegt, datt de Premier den Asaz vun Trojaner duerch de SREL nees agefouert huet. Dem Xavier Bettel seng Äntwert op eng parlamentaresch Fro ass der ADR ze onpräzis.

Alex Bodry
Staatstrojaner

Datt de Geheimdéngscht déi lescht fënnef Joer Trojaner agesat huet, wier legal, sou den LSAP-Fraktiounschef. Den Alex Bodry confirméiert d'100,7-Meldung, datt de Staatstrojaner no 2013 agesat gouf.

Pol Urbany
Staatstrojaner am Geheimdéngscht

Datt de SREL schonn Trojaner benotzt huet, ass dem Affekot Pol Urbany no net legal. Fir esou en Agrëff an d’Privatsphär wier e präziist Gesetz néideg. An dat géif et zu Lëtzebuerg nach net ginn.

Eugène Berger
Eugène Berger

Fir de Staatstrojaner wäert et keen zousätzlechen, gesetzleche Kader ginn, seet den DP-Fraktiounschef. Nieft der Reform vum Geheimdéngscht geet Rieds iwwer de Verfassungsreferendum an d'Staatsscholden.

staatstrojaner.jpg
Digital Iwwerwaachung

De Staatstrojaner kritt mat der SREL-Reform eng legal Basis. Wou d'Spionage-Software hier kënnt a wat genee domadder däerf gemaach ginn, ass net preziséiert. D'Gesetz soll trotzdem gestëmmt ginn.

Elisabeth Margue.JPG
Parteien

Déi nei Presidentin vun der CSJ, Elisabeth Margue, seet hir Organisatioun hätt bewosst keng Demissioun vum Premier an der Affär Bettel-Kemmer gefuerdert. Dofir fuerdert si awer Transparenz iwwer d'Treffen.

Jean-Claude Franck Kommentar
Affaire Bettel-Kemmer

De Xavier Bettel huet Feeler gemaach, mä dat ännert näischt um Fong vun der SREL-Affaire, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar zu der Affaire Bettel-Kemmer

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen