Radioen

On air

Am Buedmantel  |  22º Halo - Cobwebs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum 15. Januar un: 3G op der Aarbechtsplaz

Covid

Vum 15. Januar un: 3G op der Aarbechtsplaz

De 15. Januar gëtt op der Aarbechtsplaz den 3G agefouert, dat heescht datt all Salarié oder Independant ee Covid-19-Zertifikat muss virweisen, dee beweist datt een entweder geimpft, genesen oder getest ass. Déi zoustänneg Ministeren Dan Kersch a Marc Hansen hunn um Freideg zesumme mat de Sozialpartner een Accord presentéiert zur d'3G-Reegel op der Aarbecht.

auto_stories

2 min

Déi Persounen, déi keen Zertifikat kënne virweisen, dierfen net schaffen a musse fir déi Deeg Congésdeeg eranhuelen oder se kréie keen Revenu. Allerdéngs muss de Patron deen Ament och Cotisatioune bezuelen, déi dann an de Méint dono vum Salarié ofbezuelt ginn. Fir Enseignanten, déi kee richtege Congé hunn, ginn déi Stonne vum Compte-Epargne-Temps ofgezunn.

D'Feele vun engem Zertifikat ass och keen Entloossungsgrond.

De Salarié muss selwer fir d'PCR-Tester oder Antigentester bezuelen, mat Ausnam vun deenen déi sech impfe loossen, déi kréien déi Tester wärend der Iwwergangszäit (bis zur kompletter Impfung)vum Staat bezuelt a si kréien och nei Test-Kapazitéiten zur Verfügung gestallt.

D'Arméi kéint do eng Roll spillen, esou den Dan Kersch.

D'Gewerkschafte sinn net dermat averstanen, datt d'Tester vum Salarié muss bezuelt ginn, dat bleift sozial ongerecht esou d'Nora Back, d'Presidentin vum OGBL.

Et gëtt dowéinst probéiert um Terrain nach d'Härtefäll ze ënnersichen.

Persounen, déi aus medezinesche Grënn sech net kënnen impfe loossen, kréien eng Derogatioun accordéiert. D'Ministeren ginn dervun aus, datt eng 15 Prozent vun de Salariéeën net geimpft ass.