Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mir sichen d'Wuert vum Joer 2024

Wuert vum Joer

Mir sichen d'Wuert vum Joer 2024

U wat musst Dir denken, wann Dir un d'Joer 2024 denkt? Deelt eis bis de 6. Dezember mat, wéi ee Wuert oder wéi een Ausdrock fir Iech dat politescht, ekonomescht oder gesellschaftlecht Joer op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.

auto_stories

1 min

Zesumme mam radio 100,7, RTL, dem Tageblatt an dem Luxemburger Wort sicht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch d'Wuert vum Joer 2024.

Aus de Virschléi mécht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng Shortlist vu 15 bis 20 Begrëffer, an aus där sicht e Jury dann d'Wuert vum Joer 2024 eraus. Nach virun Enn des Joers gëtt et offiziell matgedeelt.

Am Jury sinn de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, e Vertrieder/eng Vertriederin vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a jeeweils ee Vertrieder/eng Vertriederin vun RTL, radio 100,7, Tageblatt a Luxemburger Wort.

Natierlech gëtt et och eppes ze gewannen: Schéckt eis Är Propos a gewannt mat e bësse Chance 3 Bicherbongen, grad wéi déi 6 éischt Bicher aus der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz". D'Lous entscheet.

Hei kënnt Dir Är Propos oder Är Proposen areeche bis de Freideg 6. Dezember 12 Auer mëttes.

Vill Gléck!