Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EuGH befaasst sech mat Plainte vun der fréierer EU-Deputéiert Monica Semedo

Urteel an 3 bis 4 Méint

EuGH befaasst sech mat Plainte vun der fréierer EU-Deputéiert Monica Semedo

Den Europäesche Geriichtshaff wäert an e puer Méint tranchéieren, ob et richteg war, datt d’Monica Semedo an hirer disziplinarescher Affär am Europaparlament keen Affekot konnt un hirer Säit hunn. De Moie waren dozou d’Plaidoyeren um Kierchberg.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: European Union

Et geet em déi zweet Prozedur, bei där déi fréier Europadeputéiert vum Europaparlament wéinst Harcèlement moral sanctionnéiert gouf. D’Monica Semedo stéisst sech virun allem drun, datt si bei zwou Auditiounen zu hirem Fall keen Affekot konnt un hirer Säit hunn, well dat net an de Prozedure virgesinn ass.

Assistance vun Affekot:in wier wesentlech

Dës Auditioune waren am Abrëll 2022, virun engem Comité vum Europaparlament, an am Mäerz 2023, bei der Europaparlamentspresidentin. D’Monica Semedo war zweemol net op de Rendez-vous gaangen, well et d’Reegel ass, fir eleng do unzetrieden, sou hiren Affekot. Dobäi wier awer an den Ae vum Me Bontinck d’Assistance vun engem Affekot oder enger Affekotin wesentlech. D’Parlament sollt sech op deem Punkt net anescht verhale wéi aner Institutiounen. Dogéint huet d’juristesch Vertriederin vum Europaparlament gemengt, datt d’Monica Semedo schrëftlech Observatioune konnt eraginn. D’Ex-Europadeputéiert kéint och net soen, et wier anescht gaangen, wa si mëndlech gehéiert gi wär.

Faille am System?

Déi eenzel Riichter:innen hunn de Fait, datt keen Affekot duerft un der Monica Semedo hirer Säit sinn, duerchaus kritesch gekuckt. Sou wollt eng lettesch Riichterin wëssen, firwat d’Europaparlament menge géif, datt en Affekot oder eng Affekotin net néideg wier. Iwwerdeems sech e portugisesche Riichter d’Fro gestallt huet, ob et praktesch e Verbuet géif ginn, fir en Affekot oder Affekotin u senger Säit ze hunn. De griichesche President vum Geriicht huet sengersäits hannerfrot, ob et eng Faille am System gëtt, awer och, ob d’Rechter net gläich wieren, wa keng Säit op en Affekot oder Affekotin zréckgräife kéint.

Urteel an 3 bis 4 Méint

D’Monica Semedo an hiren Affekot hunn no der Sëtzung vun engem wichtegen Urteel geschwat, dat wuel an 3 bis 4 Méint gesprach gëtt. Fir d’Ex-DP- an elo Fokus-Politikerin geet et hei ëm fundamental Rechter. Vun deem Comité vum Europaparlament hätt si zum Beispill just gesot kritt, si kéint en Dokter matbréngen.

Da kann ech jo och de Bäcker, den Elektriker vun niewendru mathuelen. Den Affekot ass bei mir un der Säit - oder sollt u menger Säit sinn - fir mech ze beroden.“

Iwwer eventuell eege juristesch Schrëtt, déi hiren Affekot ugedeit huet, hätt si nach net nogeduecht, sot d’Monica Semedo. Do dierft et dann ëm Schuedenersatzfuerderunge goen. D’juristesch Vertriederin vum Europaparlament wollt hirersäits haut keng Stellung huelen.

Lauschterenplay_arrow