Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Bauerenzentral fuerdert eng Erhéijung vun der Mindestrent ëm 20 Prozent

Landwirtschaft

D’Bauerenzentral fuerdert eng Erhéijung vun der Mindestrent ëm 20 Prozent

De President vun der Centrale Paysanne huet vun enger immens ugespaanter ekonomescher Situatioun vun de Bauerebetriber hei am Land geschwat. Mat Bléck op d’Pensiounsdebatten, déi am Oktober ufänke sollen, huet d’Bauerenzentral hir Suergen matgedeelt. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Christian Wester | © Sophie Schroeder play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

An der Landwirtschaft géif et dacks niddereg Paien, an deemno och niddereg Pensioune ginn, sou de Christian Wester. Dofir fuerdert d’Bauerenzentral, datt an Zukunft net méi den onqualifizéierten, mee de qualifizéierte Mindestloun als Basis geholl gëtt, fir d’Pensiounen am Landwirtschaftssecteur ze berechnen.

“Mir sinn awer ee Secteur, den zënter 40 Joer - oder méi laang - bei de Primmen a bei allen Anträg, déi mir stellen, muss virweisen, an och ka virweisen, datt mir qualifizéiert si fir eise Beruff ze maachen. A vun dohier leede mir dann of, datt mir gär hätten, datt déi Basis op där d’Rente berechent gi fir de landwirtschaftleche Secteur, als Minimum de qualifizéierte Mindestloun geholl gëtt, an net wéi dat an der Vergaangenheet war, den onqualifizéierte Mindestloun.” 

Fir de Verglach: Den onqualifizéierte Mindestloun läit aktuell bei ronn 2.570 Euro Brutto de Mount, wärend et beim qualifizéierte Mindestloun ronn 3.085 Euro Brutto de Mount sinn.

Blozongekrankheet: De Verglach mat 2007

Weider Punkten op der Pressekonferenz waren déi schwiereg Bedingungen, mat deenen d’Baueren aktuell konfrontéiert wieren. Iwwer d’Verbreede vun der Blozongekrankheet weist sech d’Centrale Paysanne besonnesch besuergt. Hei huet de Christian Wester méi effikass Mesurë vun der Regierung gefuerdert.

2007, bei der éischter Well vun der Blozongekrankheet, wier et nämlech Entschiedegunge fir Béischte ginn, déi um Virus gestuerwe waren.

“Soit-disant dat wat de Bauer kritt hätt, wann hien d’Déier am Schluechthaus ofgeliwwert hätt, dee Montant ass als Entschiedegung geholl ginn. Bei klenge Wiederkäuer, do ass e Pauschalbetrag vun 150 Euro fir all Déier wat eben noweislech un der Blozongekrankheet erkrankt war.” 

Ausserdeem huet de Christian Wester vun "terribel schlechte Wiederkonditioune" fir an de Felder ze schaffe geschwat. Et wier een extreemt naasst Joer bis elo gewiescht, wat eng séier Verbreedung vun de Mécke favoriséiert hätt. An dat géif rëm zu der Verbreedung vun der Blozongekrankeet bäidroen, sou nach d’Suerg vun der Bauerenzentral.

Lauschterenplay_arrow