Radioen

On air

Moiesstudio  |  Leen - Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Clara Hertz: Den Dramberuff Actrice

Sot emol

Clara Hertz: Den Dramberuff Actrice

Mat vill Engagement, Talent an och Passioun ass déi jonk Lëtzebuerger Actrice Clara Hertz am gaange sech an der Schauspillwelt ze etabléieren. Si ass vill zu Paräis, mee huet sech awer och schonn op Lëtzebuerger Büne gewisen a bewisen.

auto_stories

3 min

headphones

57 min

play_arrow

Fir d’Clara Hertz gouf et am Fong ni eng aner Méiglechkeet wéi den Theater an och de Film zu hirem Liewen ze maachen, mee déi grouss Passioun ass awer den Theater. Och de Shakespeare huet dem Clara Hertz et ugedoen.

Mat 8 Joer war de Wonsch schonn do

D’Clara Hertz weess nach ganz genee wéini si déi éischte Kéier kloer gesot oder geschriwwen huet, datt si wëll Actrice sinn. Dat war an der Primärschoul, wou d’Clara Hetz sech beim Choix tëscht Relioun a Morale fir d’Morale entscheet huet.

"Mir haten esou eng grouss Blumm op engem Blat an an der Mëtt vun der Blumm eng Foto vun eis. An op d’Blieder vun der Blumm huet ee musse schreiwen, wéi ee sech gesäit, wat ee wëll, wat ee gären a sengem Liewe mécht. Do hat ech scho geschriwwen: 'Ich möchte Schauspielerin werden.'"

An do hat d’Clara Hertz grad emol 8 Joer.

Hir Elteren hu Si ëmmer ënnerstëtzt

An domadder war et kloer, datt d’Clara Hertz dat Zil an dee Wonsch hat an och konsequent an déi Direktioun gaangen ass. A vun deem Ament un huet si och hiren Elteren ëmmer gesot:

"Je veux jouer dans un film. Je veux faire du théâtre. Jo dat heescht vu Klengem un."

Um Ufank sinn dem Clara Hertz seng Eltere wuel vun engem Dram, engem Wonsch vun engem 8-järege Meedchen ausgaangen, an awer hu si d’Clara ëmmer encouragéiert.

"Mee natierlech, et gi vill Kanner, déi Schauspiller wëll ginn. Dat hëlt een um Ufank net ganz seriö, mee mat 13 Joer do hunn ech wierklech ugefaangen. Do war ech och an enger Theaterschoul hei zu Lëtzebuerg. Dat war ëmmer a mengem Kapp. Ech hunn och weider gemaach am Conservatoire an och an der Schoul. A si hu mech ëmmer ënnerstëtzt."

An och no der Première, wou d’Clara Hertz sot, si géif op Paräis op eng Theaterschoul goen, waren d’Elteren ëmmer op hirer Säit.

Et gouf kee Plang B

D’Clara Hertz konnt sech net virstellen no hirer Lycéeszäit op eng Uni ze goen, an eppes “Klassesches” ze studéieren. D’Theater war hir Fräiheet a si wollt un aner Saachen denken, wéi Schoul. Dat war eben de Plang A. Hire Choix gefält hir. Et war richteg, et fänkt och un ze klappen, et gouf kee Plang B.

Gäre mat Leit zesummen

Wann d’Clara Hertz elo en anere Wee hätt missen oder hätt wëlle goen, da wier si sécher an de soziale Beräich gaangen. Hir Mamm ass Psychologin an dat wier schonn eppes, wat si ganz staark intresséiert hätt.

"Ech maache ganz gäre Saache mat Leit. Dat heescht alles, wat soziale Beräich ass. Ech sinn och ganz empathesch, also sozial."

D’Clara Hertz huet hir Theaterstudien dunn op der Ecole de Théâtre "L’Eponyme", de Cours Cochet Delavène an de Cours Florent zu Paräis gemaach.

Lauschterenplay_arrow