
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Felix Wildschütz
Virun zwou Wochen huet e klenge franséischen Zirkus fir Opreegung gesuergt, well en exotesch Déiere mat an d’Land bruecht huet. Wéi dacks kënnt esou eppes vir? Mir froen den Direkter vun der Veterinärverwaltung.

Leo Wagener
Muer op Allerhellege gedenke vill Leit de Verstuerwenen aus hirem Ëmfeld. Mee wéi grouss ass déi reliéis Bedeitung vun deem Dag nach? Mir froen de Weibëschof.

Netty Tinnes
D’Associatioun vun de Publicitéitsagencë warnt virun enger Kris an hirem Secteur. Wat sinn d’Grënn dofir?

Marc Hostert
Digitalisatioun am Gesondheetsberäich – wou si mer drun? Den neie President vun der Agence eSanté mécht de Point.

Martina Holbach
Greenpeace Lëtzebuerg huet getest, wéi eescht d’Banken hir Obligatioun huele fir Clienten op nohalteg Finanzproduiten hinzeweisen. Déi zoustänneg Campaignerin erkläert.

Martine Kemp
Déi 29-Joer-jonk CSV-Politikerin iwwerhëllt haut d'Nofolleg vum Christophe Hansen als Lëtzebuerger Europadeputéiert.

Marc Crochet
De Generaldirekter vun der Caritas iwwer déi nei Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik.

Dr Pit Buchler
No 14 Joer un der Spëtzt vum Collège médical huet den Dr Pit Buchler d'Presidentschaft ofginn.

Jean Asselborn
De Konflikt am Noen Osten drot ze eskaléieren, an et komme nees méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg. Wéi preparéiert de laangjäregen Ausseminister den Terrain fir säin Nofollger?

Romain Wolff
Wat erwaart d’Staatsbeamtegewerkschaft sech vun der neier Regierung? Mir froen de President vun der CGFP.

Marc Goergen
Firwat sinn d’Piraten bei de Chamberwalen hannert den Erwaardungen zréck bliwwen? Mir froen hire Partei-Coordinateur.

Andrew Ferrone
Wat erwaarden d’Wëssenschaftler aus dem Observatoire vun der Klimapolitik sech vun der neier Regierung? Mir froe hire President.

François Bausch
Virun enger Woch hunn Déi Gréng déi heftegst Waldéfaite an hirer Geschicht erlieft. Wéi konnt et dozou kommen? Dat froe mir den erfuerenste grénge Politiker.

Paulette Lenert
Fënnef Deeg no de Chamberwalen äntwert d'LSAP-Spëtzekandidatin ë.a. op d'Fro, wéi si de Walsonndeg erlieft a verdaut huet a wéi eng Roll si fir sech an der Oppositioun gesäit.

Marc Niederkorn
No nëmmen engem Joer huet d'SNCI, déi national Kredit- an Investitiounsgesellschaft, hiren Direkter entlooss. Dee Concernéierten erkläert, wourun hie gescheitert ass.

Gérard Schockmel
Den Infektiolog aus den Hôpitaux Robert Schuman gëtt DP-Deputéierten. Mee am Fong geet dat him net duer.

Alexandra Schoos
14 Joer nom Robert Mehlen huet d'ADR nees en Deputéiertemandat am Bezierk Oste gewonnen. D'Alexandra Schoos ass déi éischt Fra, déi fir d'Partei an d'Chamber kënnt.

No der Chamberwal: D’Parteispëtzte reagéieren
Den CSV-President Claude Wiseler, d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann, déi gréng Presidentin Djuna Bernard, an d'Francine Closener, Co-LSAP-Parteipresidentin, diskutéieren iwwer d’Walresultat.
