
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Joëlle Damé
Mat der Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW diskutéiere mir iwwer déi akut Problemer an der sougenannter Voie de préparation.

Ana Correia da Veiga
déi Lénk hu gëschter hir sechs Kandidate fir d'Europawale festgeluecht. Parallel gouf de Walprogramm gestëmmt. Eng vun hire Kandidatinnen, d'Ana Correia da Veiga ass eis Invitée vum Dag.

Michel Leytem
De Klimawandel mécht dem Bësch ze schafen. E groussen Deel vun de Beem hei am Land ass geschiedegt. Invité ass den Direkter vun der Naturverwaltung.

Stéphanie Obertin
Froen un d’DP-Ministesch fir Digitalisatioun, Héichschoul a Fuerschung.

Yuriko Backes
No der Reunioun vun der Ukrain-Kontaktgrupp gëschter zu Ramstein: Froen un d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin

Yuriko Backes
No der Reunioun vun der Ukrain-Kontaktgrupp gëschter zu Ramstein: Froen un d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin

Claude Wiseler
Manner Riedezäit, méi Ëffentlechkeet: haut ginn zwou Iddie vum Chamberpresident ëmgesat.

Sergio Ferreira
Mam politeschen Direkter vun der ASTI schwätze mir iwwer d'Aktualitéit an der Lëtzebuerger Migratiounspolitik a rietspopulistesch Tendenzen am Virfeld vun den Europawalen.

Ralf Uhlenbruch
Mam Buergermeeschter aus dem saarlännesche Pierel kucke mir op déi rasant Entwécklung vun der Grenzgemeng, an där haut eng 2.800 Lëtzebuerger liewen.

Nora Back a Christophe Knebeler
Mat der Presidentin vum OGBL an dem Generalsekretär adjoint vum LCGB kucke mir op d'Resultater vun de Wale fir d'Personaldelegatiounen an de Betriber.

Claude Meisch
Kuerzfristeg méi bauen a méi kafen, fir méi Leit den Zougank zu erschwénglechem Logement op ze maachen a gläichzäiteg d'Baukris ze léisen - dat ass dat erkläerten Zil vun der neier Regierung. Wéi dat soll ëmgesat gi froe mir de Logementsminister.

Georges Mischo
Um Stéchdag vun de Sozialwalen schwätze d'Christiane Kleer mam CSV-Aarbechtsminister iwwer d'Bedeitung vun dësem Rendez-vous fir d'Aarbechtswelt a fir d'Politik.

Noémie Sadler
Déi jonk Affekotin presidéiert zanter leschter Woch déi consultativ Mënscherechtskommissioun. Mir froe si, wéi si un dës nei Erausfuerderung erugeet, a wat d'CCDH an den nächste Méint vun der Regierung erwaart.

Michelle Cloos
D'OGBL-Gewerkschaftssekretärin, déi den 1. Mee Generaldirectrice vum Grupp Editpress gëtt, ass Invitée um Internationalen Dag vun der Fra.

Gilles Roth
Den Dag no der Virstellung vum Budgetsprojet 2024: Froen un de Finanzminister

Claude Reuter
Virun de Sozialwalen: Froen un de President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, déi am zweeten Ulaf e Sëtz an der CSL upeilt.

Martine Hansen
Nom Landwirtschaftsdësch vu gëschtER: Froen un d’CSV-Agrarministesch.

Guy Entringer
Mam Direkter vun der SNHBM schwätze mir iwwer déi aktuell Kris am Secteur, a mir froen hien, firwat déi ëffentlech Promoteuren net beim Logementsdësch dobäi waren.
