Kann een hoffnungsvoll Musek iwwer Trauer, Ruminatioun an Trennung maachen? Jo - well dat Batter-Séisst um Liewen ass eng Faszinatioun fir d’Indieband Death Cab for Cutie zanter hirem éischte Song virun 30 Joer. Mat enger glasklorer Maturitéit geet ”I Built You A Tower”, hiren Album Nummer 11, ënner d’Haut ouni vill ze probéieren an huet sech, dem Marc Clement senger Meenung no, Är Ouere verdéngt.
arrow_back_ios
Album vun der Woch
Death Cab for Cutie - I Built You A Tower
Lauschteren
play_arrow
headphones
12 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
Courting - Lust for Life, Or: 'How to Thread the Needle and Come Out the Other Side to Tell the Story'
Eng perfekt gebitzte Spaass-Plack
Lady Gaga - Mayhem
D'"Mama Monster" geet erëm zeréck an hir Vergaangenheet a bei hir Pop-Wuerzelen, ouni awer eng reng Kopie vun hirem fréiere Personnage ze sinn. En Album, deen an de Medie vill beschwat a gefeiert gëtt, an dat zu Recht.
Divorce - Drive to Goldenhammer
E groussaartegen Debutalbum vun dëser brittescher Band, déi Indie Rock mat Folk, Country an experimentellen Aflëss verbënnt.
Saya Gray - SAYA
Op hirem zweeten Album “Saya” liwwert déi japanesch-kanadesch Musekerin Saya Gray Art-Pop an d’Péng vun engem gebrachenen Häerz.
Tocotronic - Golden Years
Op hirem 14. Album vermëttelen déi däitsch Indie-Rock-Legenden Trouscht an Hoffnung an düsteren Zäiten.
Mereba - The Breeze Grew a Fire
Wann Nostalgie op eemol Loscht op d’Zukunft mécht.
Sharon Van Etten and The Attachment Theory
No zwee Joerzéngten als Solo-Kënschtlerin presentéiert sech d‘Sharon Van Etten op hirem neien Album "Sharon Van Etten & The Attachment Theory“ mat Band.
Eddie Chacon - Lay Low
Mat sengem drëtte Soloalbum “Lay Low” presentéiert den amerikanesche Museker Eddie Chacon e ganz minimalistesche Soul Disk iwwer de Verloscht an d’Hoffnung.
FKA Twigs – EUSEXUA
Mat richtegem Numm Tahliah Debrett Barnett, mellt sech déi brittesch Kënschtlerin no enger fënnef Joer Paus zeréck. An dat mat engem Club-Record, an dem d'Grenze vun elektronescher Musek aus getest an och gesprengt ginn.
The Weather Station - Humanhood
Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
Franz Ferdinand - The Human Fear
D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
MJ Lenderman - Manning Fireworks
Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024
White Denim - 12
Ee groussaartege Flickenteppech
Autumn Sweater - Adult Life
Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.
Homer - Ensatina
Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.
Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed
Gittaren, déi huerelen, smoothe Crooning, batterséiss Pianosballaden an eng gutt Portioun Soul a Funk. Esou presentéiert sech de Lëtzebuerger Kënschtler Jackie Moontan op sengem Debutalbum.
Primal Scream - Come Ahead
D'Band bréngt no enger Paus vun aacht Joer en neien Album eraus, an dës Kéier si mir am Funk ënnerwee!
The Cure – Songs of a Lost World
En Album mat mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.
Porridge Radio - Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me
Op hirem véierten Album “Clouds In The Sky TheyWill Always Be There For Me” loosse Porridge Radio den Emotiounen a Gittare fräie Laf.