1. D’Fra vum fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi gouf de Moien um Stater Geriicht zu engem Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 € veruerteelt;
2. A senger Deklaratioun iwwer d’Kooperatiouns- an Entwécklungspolitik huet den Aussen-a Kooerpatiounsminister Xavier Bettel de Moien an der Chamber ugekënnegt, datt de Grand-Duché sech aus verschiddene Länner wäert zeréckzéien, a mat aneren d’Zesummenarbecht méi stäerken wéilt.
3. D’LSAP huet de Moien an der Chamber eng kloer lëtzebuergesch Positioun zur US-amerikanescher, nationaler Sécherheetsstrategie gefuerdert.
4. Op e neits ass en iranesche Spëtzemann bei enger Loftattack ëm d‘Liewe komm. An der Nuecht ass de Geheimdengschtchef Ismail Chatib bei engem gezielten ugrëff gestuerwen.