1. De fréiere Buergermeeschter vun Déifferdeng Roberto Traversini gouf de Moien zu dräi Joer Prisong mat integralem Sursis verurteelt, dat wéinst Verontreie vun ëffentleche Gelder
2. Bis den Owend wäert sech decidéieren, mat wéi vill Pëtrol Lëtzebuerg d’Initiativ vun der Internationaler Energieagence wäert ënnerstëtzen
3. De Krich am Noen Osten huet den Ament keen Effekt op d‘Gaspräisser zu Lëtzebuerg. Dat huet de CEO vun Enovos, den Erik von Scholz, de Moien am Interview erkläert
4. An der Belsch hunn déi dräi grouss Gewerkschafte fir haut e Streikappell gemaach: domat ginn et gréisser Perturbatiounen am ëffentlechen Transport mee och am Fluchverkéier