1. Iwwerdeems d’israeelesch Militärattacken op den Iran viruginn, huet d’pro-iranesch Hezbollah Israel vum Libanon aus ugegraff. Zu Lëtzebuerg hunn den Ausseminister an de Luxair-Chef iwwer Touristen an der Kriseregioun informéiert
2. Matten an der Affär ronderëm den Dr. Philippe Wilmes geet haut ë. a. deem seng FindelClinic no beim Flughafen op. Fir den Ament kritt een an deem ëmstriddene Medezinzentrum Rendez-vouse bei 5 Dokteren
3. D’Liichtathleetin Patrizia van der Weken huet hir aktuell gutt Form gëschter nees ënner Beweis gestallt. Bei den nationale Meeschterschaften an der Hal an der Coque huet si de Rekord iwwer d’200 m gebrach