arrow_back_ios
Moiesstudio
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Waasserstoffreseau zu Lëtzebuerg: Esou gesinn d'Pläng aus
Lëtzebuerg kënnt enger Ubannung un den europäesche Waasserstoffreseau ëmmer méi no. Éischt Verbindunge wäert de Grand-Duché ufanks den 2030er Jore kënne Richtung Frankräich hunn.
E Bléck hannert d'Geeschterbunn op der Schueberfouer
Den Owend, 22.8., ass et souwäit: d’Schueberfouer mécht hir Dieren op. Zënter 2016 ass och de Rudolf Schütze mat senger Geeschterbunn dobäi.
Lëtzebuerger Zaldoten an der Ukrain?
Kéint et dozou kommen, dat froe mir d'Verteidegungsministesch Yuriko Backes.
Hype ëm Vintage-Tricoten
Zanter e puer Joer si Fussballstrikoten aus den 1990er an 2000er Joren nees richteg beléift. Mee net nëmme Fussballfans fannen un der moudescher Sportskleedung Gefalen.
An 18 Deeg mam Vëlo duerch Europa
D’Transcontinental Race gëllt als déi schwéierste sougenannt unsupported Vëloscourse an Europa. Cycliste fueren hei ouni Ënnerstëtzung vu baussen a si ganz op sech eleng gestallt.
Muss d'EU a Serbien agräifen?
Zënter bal 9 Méint gëtt a Serbien géint dem Aleksandar Vučić seng Regierung demonstréiert. Mir schwätze mam Politolog a Balkan-Expert Florian Bieber.
Dat Onsiichtbaart, siichtbar maachen
"Wou d’Uelzecht" ass eng Klangrees vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz an der englescher Poetin S.L. Grange, bei där een de Gronn op eng ganz nei Aart a Weis entdeckt.
Wat ass vum Jeff Strasser als neie Fussballnationaltrainer ze erwaarden?
Mir froen de Julien Mollereau, Sportjournalist vun der Zeitung Le Quotidien.
Apdikte wëlle méi Entschiedegung fir Garden
Enn des Mounts trëfft den Apdikterverband sech mam Gesondheetsministère fir d'Entschiedegung nei ze negociéieren.
Positiv Entwécklung: Manner héich Buedem-Ozon-Wäerter
Dëse Summer gouf et nach keng Alert wéinst ze héijen Ozonwäerter an dat trotz den héijen Temperaturen.
Firwat eis Korrespondentin Russland verlooss huet
D'Inna Hartwich erkläert, wéi schwiereg et mëttlerweil ass als westeuropäesch Journalistin a Russland ze schaffen.
Wat bréngen déi nächst Woche fir d'Ukrain?
Explikatioune vum Fabian Vetter, COO vun Agora Strategy, eng Firma, déi Betriber a Regierungen a geopolitesche Froe beréit.
Op de Spuere vun den Dinosaurier
D'Paläontologie-Statioun aus dem Dinosaurierpark Teufelsschlucht sicht zanter engem Joer mat Hëllef vun de Visiteuren no Fossilien an hat dobäi viru Kuerzem och Succès.
Zu Käerjéng soll geschwë grénge Waasserstoff produzéiert ginn
Gréngen Hydrogen lokal produzéieren - dat ass d'Zil vum Projet LuxHyVal, deen zu Käerjeng geplangt ass. Busser an ee lokalen Industriebetrib kéinten dee Waasserstoff konsuméieren.
Biker engagéiere sech géint Mobbing
D'Mélanie Weber vum Bikergrupp White Tigers for Kids erkläert, wéi d'Initiativ funktionéiert. (Rediffusioun vum 8. Mee 2025)
No den Entrevuen am Wäissen Haus: Ass een dem Fridden méi no komm?
Zum Eclat koum et net bei den Entrevuen am Wäissen Haus. Mee ass dat eleng schonn ee Succès, wat ass konkret zeréckzebehalen?
Onerwaarte Problem: A Groussbritannien ass d'Waasser knapp
Eis Korrespondentin Marie Billon erkläert, firwat och d'Land vum éiwege Reen am Moment eng Dréchent erlieft.
D'Initiativ WeConnect bréngt Studente bei Privatleit ënner
Mir hunn nogefrot, wéi gutt dat bis elo funktionéiert.
Virun 31 Joer: Eng opgehaange Kaz am Staatsmusée suergt fir Opreegung
Mir werfen de Bléck zeréck mat eisem Archivist Gilles Schreurs op d'Konschtausstellung "Rendez-vous provoqué" am Nationalmusée.