arrow_back_ios
Moiesstudio
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min
mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Sozialverhandlungen
Drëtt Sozialronn kéint déi lescht sinn. Bis dohinner war et ee laange Wee, e Réckbléck op déi eenzel Etappen.
E Bilan vun der 96. Editioun vun der Stater Braderie
Mat der Presidentin vum Stater Geschäftsverband Mireille Rahmé kucke mir zeréck op d'Stater Braderie vun dësem Joer.
D'Vakanzekolonië vum SNJ
Wéi vill Succès hunn d'Vakanzekolonië vum Service National de la Jeunesse? Wat gëtt do gebueden a wie geet mat? Froen un den SNJ-Direkter Georges Metz
Michel Reckinger: "D'Parlament soll decidéieren"
Am Virfeld vun der drëtter sougenannter Sozialronn hu mir mam Michel Reckinger (UEL) an der Nora Nack (OGBL) geschwat.
CFL-Chantier tëschent Rued-Sir a Wecker
Bis Mëtt September gëtt hei déi ganz Eisebunnsstreck renovéiert. Eng speziell Maschinn hëlleft derbäi d'Aarbechte séier ze realiséieren.
Nora Back: "Ech wëll och optimistesch sinn"
Am Virfeld vun der drëtter sougenannter Sozialronn hu mir mat der Nora Back (OGBL) a Michel Reckinger (UEL) geschwat.
Een Abléck an d'Fraenhaus Marga
D’Fraenhaus am Neiduerf riicht sech speziell u Fraen, déi drogenofhängeg sinn an och heefeg Gewalt an Obdachlosegkeet erlieft hunn.
Sowjetesch Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg
En neit Buch vun der Historikerin Inna Ganschow beliicht den Alldag an d'Aarbechtsbedéngunge vu Russen, Wäissrussen an Ukrainer, déi vun de Preisen op Lëtzebuerg verschleeft goufen
Als Forain op der Schueberfouer
De Raphael Betti an de Kartik Sati hunn dëst Joer d'gréngt Spill op der Schueberfouer iwwerholl. Mee wat bréngt dat alles mat sech, wann een e Stand op der Fouer huet?
One water - Mir si Waasser
Eng nei Informatiouns- a Sensibilisatiounscampagne gouf vun der Waasserverwaltung zesumme mat der CELL (Citizens for Ecological Learning and Living) lancéiert.
"Et war net de tout repos"
De Jeff Strasser kuckt am Interview zeréck op déi éischt Deeg als neien FLF-Nationaltrainer an no vir op déi zwee éischt Matcher ënner senger Responsabilitéit.
Football: Déifferdéng aus der europäeschen Competitiounen eliminéiert
Den FC Déifferdéng 03 verpasst d’Qualifikatioun fir d’Conference League
Detailer zu der 96. Editioun vun der Stater Braderie
De Méindeg, an och dëse Weekend schonn, gëtt et an der Stad a ronderëm d'Stater Gare nees d'Méiglechkeet gutt Affären ze maachen. Een Iwwerbléck
D’Gemeng Schengen gëtt Member vun der Plattform géint Atomenergie
De Schäfferot vu Schengen huet decidéiert der Plattform bäizetrieden, dat huet de Buergermeeschter Michel Gloden am 100,7-Interview ugekënnegt.
Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt
Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel opgemaach. Do kann een net nëmmen an d'Ënnerwelt vun der Stad andauchen, mee och an eng Soundinstallatioun vun der Susan Philipsz.
Konscht, Frëndschaft an Turbulenzen
A sengem Buch "Wim Delvoye et moi" schwätzt den Enrico Lunghi iwwer vill méi wéi just seng Frëndschaft mam belsche Kënschtler (Rediffusioun vum 12.05.2025)
Première als Dirigent
De Lëtzebuerger Christophe Mirkes dirigéiert de Staatsorchester vun Athen.
Tëschent Russland an der EU - d'Republik Moldau
Firwat ass d’Republik Moldau, eent vun den äermste Länner vun Europa, geopolitesch esou wichteg a firwat reese souvill héichrangeg Politiker an der Lescht dohin?
Mat grénger Energie manner ofhängeg vu Russland ginn
D'Republik Moldau war laang vu russeschem Gas ofhängeg. Elo probéiert een ënner anerem mat grousse Solarparke sech vun der Energieofhängegkeet vun ausserhalb ze léisen.