arrow_back_ios

Al Schanken

Musek a Kultur / Al Schanken

/ Catfish live

Catfish live

Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng sécherlech net esou bekannte Band an den Asaz. Catfish stoung manner an der alleréischter Rei, wat de Bekanntheetsgrad betrëfft, si waren éischter “local heroes“ am US-Bundesstat Michigan. D‘Band huet et trotzdeem och bis an de renomméierten New Yorker Filmore East gepakt.

Rock vollgepaakt mat enger décker Portioun Energie an engem Schotz Blues war d’Uleies vun der Formatioun, woubäi de Bob Hodge a seng Matmuseker live besonnesch gutt eriwwerkoumen. Hiren Album “Catfish live“ ass am Oktober 1970 doheem zu Detroit opgeholl ginn. Den Hodge, Joergang 1945, huet iwwer 20 Albume mat verschiddene Formatiounen opgeholl, hie steet haut nach geleeëntlech mat engem Blues-Repertoire op der Bün.

Déi zwee Tracks vun L.A. Guns an Al Kooper op der Playlist si signéiert Donovan Leitch. Dee schottesche Singer/Songwriter trëtt de 26. Mäerz 2025 am Atelier op.


Playlist:

1. The Rolling Stones - Start Me Up (live) (Shine A Light, 2008)

2. Derek and the Dominoes - Layla (Layla And Other Associated Love Songs, 1970)

3. Neil Young - She’s A Healer (Are You Passionate, 2002)

4. Catfish - Nowhere To Run (live) (Catfish live, 1971)

5. Catfish - Mississippi River (live) (Catfish live, 1971)

6. Al Kooper - Season Of The Witch (Super Session, 1968)

7. L.A. Guns - Hurdy Gurdy Man (Rips The Covers Off, 2004)

8. David Crosby - Long Time Gone (live) (It’s All Coming Back To Me Now, 1995)

9. David Crosby - Till It Shines On You (live) (It’s All Coming Back To Me Now, 1995)

Episoden

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow

The Jayhawks live

The Jayhawks kommen aus Minnesota a sinn zanter 1984 Vertrieder vum Alternative country, enger Mëschung aus Folk, liichtem Rock a Songwriting.
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Special Rolling Stones

Mam neien Album “Hackney Diamonds“ sinn d’Rolling Stones erëm an aller Mound an Ouer! Mir proposéieren e Réckbléck op hir Karriär, déi virun enge 60 Joer ugefaangen huet.
headphones

120 min

play_arrow